D’Situatioun a Saache Chômage, Aarmut a sozial Inegalitéiten wär iwwer déi läscht zwee Joer "liicht besser ginn," esou de President vun der Chambre des Salariés. D’Verbesserung vun der ekonomescher Situatioun wär awer "net bei jidderengem d’nämmlecht ukomm." Wann een d’Chifferen genee analyséiert, da géif ee mierken, datt virun allem déi Leit profitéiert hunn, déi e bessert Akommes hunn. Leit mat méi niddrege Léin géifen dogéint "nach ëmmer historesch déif léien," esou de Jean-Claude Reding.
Bis 2014 war d'Tendenz "ganz negativ"
Déi blo-rout-gréng Regierung hätt a leschter Zäit méi gemaach fir d’sozial Inegalitéiten ze bekämpfen. "D'Tendenz, déi vun de Regierunge virdrun do war, war ganz negativ, an dat weist sech och an den Zuelen, déi mer bis 2014 haten," esou de President vun der CSL. Wann d’Situatioun sech elo verbessert, da géing dat awer net nëmmen un der aktueller Regierung léien, et hätt och mat der allgemenger ekonomescher Situatioun vum Land ze dinn.
D’Regierung hätt eng Rei Moossnamen geholl, déi an déi "richteg Richtung" ginn, zum Beispill mat der Steierreform oder der Adaptatioun vum Mindestloun. Et wär awer nach ze fréi fir anzeschätzen op d’Inegalitéiten doduerch laangfristeg méi kléng ginn. Fir dat ze garantéieren, missten nach weider Mesuren geholl ginn seet de Jean-Claude Reding: "Mir sinn der Meenung, datt de Mindestloun ëm 10 Prozent misst eropgesat ginn, fir op e Niveau ze kommen, wou een net méi aarm ass wann ee schafft."