Radioen

On air

De Moien  |  Totally Enormous Extinct Dinosaurs - Crosswalk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozial Medien?

Fräie Mirko

Sozial Medien?

Zanter zimmlech genee 30 Joer gëtt et elo den Internet. Viru ronn 20 Joer huet de WEB 2.0 mat autonomen Applikatiounen ofgehuewen. Op deene Plattforme kann zanterhier jiddwereen op eng einfach Aart a Weis mat jiddwer anerem Mënsch um Planéit komplett fräi kommunizéieren. E Seege fir d'Mënschheet, kéint ee mengen, op d'mannst bis een déi net méi ganz nei Medien an der Praxis fonctionéiere gesinn huet, mengt de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL.

auto_stories

3 min

Kommunikatioun huet zënter ëmmer revolutionärt Potential. Ouni dem Gutenberg seng Erfindung vun der Buchdréckerei wier dem Luther seng Bibel - Iwwersetzung op Däitsch ni ënner d'Leit komm. De Buchdrock ass ee vun de Päpp vun der Reformatioun. Den Hitler huet Radio a Film genial fir seng Zwecker gebraucht an ouni d'Televisioun wier den John F. Kennedy net President ginn. Och am Abléck sinn den Internet a besonnesch déi sougenannte sozial Median dobäi eis politesch Kultur massiv ze veränneren.

D'Gesetzgeber aus alle Länner wëssen dat zënter laangem, woufir d'Diktaturen op alle Medien d'Hand halen an d'Chinesen am Abléck déi amerikanesch Plattformen eraus werfen. Och déi liberal Demokratië gi sech duerch eng Pressegesetzgebung Instrumenter fir den Abus anzeschränken.

Bei de soziale Medien awer gëtt et kee Garde-fou. All Geck kann do mat 1.000 aner Gecken an eng Blos andauchen ouni datt Wourecht vu Ligen, Kritik vun Diffamatioun, an Identitéit vun Täuschung muss ausernee gehale ginn. Esoteriker, Extremisten, Wëssenschafts- a Geschichtsleugner, Verschwierungstheoretiker, Rassisten a Faschisten, Haassriedener an auslännesch Wahlsaboteuren, de ganze Mëscht vum mënschleche Geescht ass do a sengem Element: ongebremst an anonym gëtt Een deem Anere Recht, vëlleg onbehellegt vu Fakten a Bildung.

Firwat musse User sech net identifizéieren?

Déi europäesch Politiker hunn erlaabt, datt amerikanesch Konzerner déi ganz sténkeg Fauna gedeie loossen, ouni dat ze reglementéieren. Och déi ganz aktuell Digital Services Act-Virschléi vun der EU-Kommissioun bleiwen de soziale Medie fundamental frëndlech gesënnt. Dobäi ass et no zwee Johrzengte Facebook & Co längst kloer, datt si den demokrateschen Austausch an eist soziaalt Zesummeliewen zounehmend zerstéieren.

D'Pressegesetz erlaabt anscheinend eisem Parquet Journaliste viru Geriicht ze zéien, well si dem Affekot Vogel säin oppene Bréif verëffentlechen, wärend op de Plattformen all Dréck ongefiltert online däerf goen. Firwat seet den Europäesche Gesetzgeber net, datt jiddweree mat méi wéi 50 Follower muss vun der Plattform identifizéiert gi wéi all Bank dat mam Inhaber vun engem Spuerbuch mécht. Firwat ginn d'Plattformen net zivil a strofrechtlech co-responsabel vir den Inhalt gemaach? D'Äntwert ass: well sech doduerch hire Businessmodell opléise géif a well kee sech dat traut - no de Reprochen un d'EU-Kommissioun wëllen d'Meenungsfräiheet per Uploadfilter fir Copyrechter anzeschränken.

Mee déi Feigheet wäert deier ginn.

Ze vill negativen Afloss vun den Netzwierker

Laang virum Trump, "Qanon" oder de "Querdenker", hunn zwee vun de bedeitendste politeschen Denker vum 20. Joerhonnert eis gewarnt virun de Gefore vun der systematescher Ligen an dem Komplottdenken. D'Hannah Arendt huet beschriwwe wéi den Totalitarismus dovu profitéiert wann d'Verneinung vun de Fakten an déi systematesch politesch Ligen d'Zivilisatioun zerstéieren. De Karl Popper definéiert den zersetzende Komplotismus als: "... d'Iwwerzeegung, datt soziale Phenomener sech doduerch erklären, datt bestëmmte Leit oder Gruppe vu Leit dat Phenomen heemlech a konspirativ an hirem Interesse geplangt hunn." Hei zu Lëtzebuerg passt déi Beschreiwung wéi d'Fauscht op d'A op d'Communiquéen déi zu de sougenannten "Marches blanches" opruffen.

Géif et esou Opmärsch vun der Dommheet, all déi Pegida an déi Capitolstiermer iwwerhaapt ginn ouni sozial Medien? Wuel kaum.

A firwat kréie mir kee Referendum iwwer eis Verfassung zustan? Well mir all musse fäerten, datt d'Resultat wäit méi vun iergend engem Troll op Facebook wäert bestëmmt gi wéi vun 20 Joer Aarbecht am Parlament.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.