27 Prozent vun de Persounen iwwert 90 Joer hu sech zanter dem Ufank vun der Pandemie mam Covid-19 ugestach, si sinn och déi déi am heefegsten hu missten hospitaliséiert sinn. Et ginn awer och sozioekonomesch markant Facteuren. 15 Prozent vun de Persoune mat nidderegem Revenu hu sech mam Covid19 ugestach, fir déi méi räich Bierger louch deen Taux bei 12 Prozent. Bei den Hospitalisatiounen ass deen Ënnerscheed nach méi markant. Am Verglach mat méi räiche Stéit goufen aarm Bierger 1,6 Mol méi heefeg mat enger Covid-19 Infizéierung hospitaliséiert. Si haten nieft dem Covid19 dacks Comorbiditéiten, also aner Erkrankungen, sou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.
"Fir mech ass et wichteg, datt oppe geluecht gëtt, datt au départ net jiddweree gläich ass. Et sinn aner Gesondheetszoustänn à la base do an déi si sozial markéiert iergendwou."
Et wier wichteg déi Informatiounen an Zukunft ze notzen, fir eng méi innovativ Preventiounspolitik ze maachen, seet d'Gesondheetsministerin. "Dat gëtt dat eis ze denken, wéi kënnt een u jiddwereen erun?"
D'Erausfuerderung wier, fir nieft der normaler Offer, an Zukunft och op déi aner Leit zouzegoen, déi net sou gutt informéiert sinn a sech net esou fir Gesondheetstheemen intresséieren.
An der Etüd vum Statec géif een och erausfannen, datt d'Originne vun de Persounen och een Impakt op d'Infektiounen an de Krankheetsverlaf hat. Persounen déi an Ex-Jugoslawien gebuer sinn, hu sech manner impfe gelooss, a goufe méi dacks hospitaliséiert.
Bei de Stierffäll ginn et awer keng sozioekonomesch Ënnerscheeder méi. Par conter sinn zwee Mol méi Männer duerch de Covid-19 gestuerwen, ewéi Fraen.