Radioen

On air

Espresso Beats  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Soziale Wunnengsbau: Ee lukratiivt Geschäft?

Logement

Soziale Wunnengsbau: Ee lukratiivt Geschäft?

Zanter e puer Joer investéieren ëmmer méi privat Promoteuren a soziale Wunnengsbau. Ass et méiglech ee Profit aus esou Projeten ze zéien? D'Gesetz iwwer d'Ënnerstëtzung vum Wunnengsbau vun 1979 ass op deem Punkt onkloer, seet de Logementsministère. Un enger grondleeënder Reform gëtt geschafft.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Jastock

"Verschidde Kierchefabricken hu jo net geschlof, do si Kierchefabricken, déi ganz vill Aarbecht gemaach hunn a Projeten am soziale Wunnengsbau gemaach hunn, fir duerno Recetten ze kréien, fir datt d'Kateschese kënne fonctionnéieren."

No dëser Ausso vum President vum Kierchefong Norbert Haupert den 20. Dezember zejoert op eiser Antenn hat d'Lëtzebuerger Land vun enger "Gütlecher Trennung tëschent Kierch a Staat" geschwat. De Generalvikar an de Logementsministère schwätze vun enger onglécklecher Ausso.

"De Kierchefong huet do leider Gottes eng onglécklech Ausso gemaach", seet de Mike Mathias vum Logementsministère. Effektiv ass et esou, datt de Kierchefong zanter senger Grënnung virun engem Joer 12 Demande fir ronn 200 sozial Wunnengen beim Ministère agereecht huet.

Mee net just de Kierchefong ass an deem Beräich aktiv. Am allgemengen ass Zuel vu private Promoteuren, déi a soziale Wunnengsbau investéieren an de leschte Jore geklommen. De Mike Mathias schwätzt vun Associatiounen, Hospice civilen a Fondatiounen. Dat wier och e gutt Zeechen, well dat géif weisen, "datt mir eng Logementskris hunn an datt mir Logement musse schafe fir Leit, déi sech um éischte Marché keng Wunnenge kënne leeschten".

Gewënn no 20 Joer?

Privat Promoteure kënne staatlech Subside vu bis zu 75 Prozent fir de Bau vu Sozialwunnenge kréien. Als Géigeleeschtung musse si awer eng Konventioun mam Ministère ënnerschriwwen an där ënner anerem de Loyer op e Maximum vun zéng Euro de Quadratmeter limitéiert ass. Kee lukratiivt Geschäft, erkläert de Marco Hoffmann vun der Fondation Logement. "Et ass d'Hallschent vun deem, wat een um normale Marché kann ulounen. Reng theoretesch droen déi Projeten sech déi éischt 15 Joer sou just selwer."

20 Joer laang ass e private Promoteur un d'Konventioun mam Ministère gebonnen. Dono kann hie mat de Wunnenge maache wat hie wëllt. "Op eisem Marché huelen d'Immobilien all Joer u Wäert zou, dat heescht datt een seng Immobilie no 20 Joer ka gewënnbrengent verkaafen" erkläert de Marco Hoffmann.

D'Gesetz eleng ass net ganz kloer

Wat geschitt mat de Suen am Fall, wou eng Associatioun schonn éischter ee Benefice mécht? Op deem Punkt ass d'Gesetz onkloer. Ëffentlech Promoteuren, wéi de Fonds de Logement oder d'SNHBM mussen dem Gesetz no all Surplus nees a soziale Wunnengsbau reinvestéieren. Fir de Beamte vum Logementsministère misst dat och fir privat Promoteure gëllen.

"Dat ass am Gesetz net ganz kloer, mee wann een d'Gesetz zesumme liest mat de parlamentareschen Dokumenter, da gëtt et ganz kloer", seet de Mike Mathias.

De President vum Kierchefong ass anerer Meenung. "Dee Loyer ass awer Bestanddeel vum Terrain, deen de Kierchefong selwer zu Verfügung stellt oder dat eegent Kapital, wat een huet oder d'Suen, déi ee léint", seet den Norbert Haupert.

Reform soll Kloerheet schafen

Aner Associatioune wéi zum Beispill d'Fondation Logement oder d'Croix Rouge notzen hire Surplus - eegenen Aussoen no - fir déi eegen Objektiver ze erfëllen, seet de Gilles Dhamen vum Roude Kräiz. "Et ass dann éischter fir den Investment ofzefiederen, d'Saachen a Jour ze halen oder an eis Aktivitéiten zoukommen ze loossen."

Bis elo hat de Ministère keng Moyene fir déi jeeweileg Associatiounen, déi an de soziale Wunnengsbau investéieren, ze kontrolléieren. Mat der grondleeënder Reform vum Gesetz iwwer d'Ënnerstëtzung vum Wunnengsbau wëllt de Ministère Kloerheet op all deene Punkte schafen. De Marco Hoffmann kommentéiert dat esou: "Dee Kader definéiert de Staat an et muss ee vläicht eng Kéier nodenken, ob een dat net vläicht eng Kéier ännert."