Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozialwahlen a soziale Wandel

Fräie Mikro

Sozialwahlen a soziale Wandel

Nächste Mount sinn erëm Wahlen zu Lëtzebuerg ugesot. Vu Wahlkampfféiwer ass allerdéngs wéineg ze spieren, obschonn zueleméisseg déi gréisste Wielerschaft an der Geschicht vun eisem Land betraff ass. De Fräie Mikro vum Laurent Moyse.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

Iwwer eng hallef Millioun Wieler si berechtegt, am Mäerz un de Sozialwahlen deelzehuelen. Dat si praktesch duebel esou vill Leit, wéi dat nach lescht Joer bei de Parlamentswahlen de Fall war. Bei dësem Wahlvirgang gëtt kaum iwwer d'Bedeelegung vun den auslännesche Matbierger oder vun de Grenzgänger gestridden, ganz am Géigendeel: si däerfen ouni Weideres wiele goen. Dat erkläert sech deelweis doduerch, datt Lëtzebuerg op auslännesch Hëllefskräften ugewisen ass, an dat souwuel wat héich qualifizéiert wéi manner spezialiséiert Fackkräfte betrëfft. An eise Betriber gëtt deemno dat auslännescht Matsproocherecht als eppes Normales empfonnt, op jiddwer Fall esou laang de Wuelstand der Gesamtbevëlkerung déngt.

Historesche Kontext

Eng aner Erklärung, firwat d'Sozialwahlen an der Reegel roueg iwwer d'Bühn lafen, ass d'Evolutioun vun der Aarbechtswelt. Déi meescht Gewerkschafte sinn am Zäitalter vun der Industrialiséierung entstanen, an enger Zäit also, wou d'Urbaniséierung d'Awunner massiv an d'Stied gezunn huet. Mam Opriichte vu Fabricken ass d'Feldaarbecht an de ländlechen Géigenden - gesamtwirtschaftlech gesinn - lues a lues an den Hannergrond geréckelt. E Proletariat ass entstanen, dat sech gewerkschaftlech organiséiert huet, fir d'Interessen vun der neier Aarbechterklass ze verteidegen. Aus deem Kontext eraus hu sech ideologesch a politesch Beweegungen entwéckelt, déi dat 20. Joerhonnert staark gepräägt hunn.

Am 21. Joerhonnert kann een zwar net vun enger kompletter Desindustrialiséierung vun der Gesellschaft schwätzen, mee éischter vun enger Postindustrialiséierung, an där den Déngschtleeschtungsberäich - de Secteur tertiaire - eis Aarbechtswelt dominéiert. D'Aféierung den 1. Januar 2009 vun engem Statut unique am Privatsecteur, deen der zweegleiseger Approche vum Aarbechter a vum Employé en Enn gesat huet, beweist, datt den Ënnerscheed tëschent Col bleu a Col blanc - wéi d'Fransousen dat nennen - an eiser aktueller Aarbechtswelt net méi pertinent war.

Verantwortung iwwerhuelen

Och wann d'Aarbechtskonditiounen nach ëmmer krass Ënnerscheeder opweise kënnen; deemno wat fir eng Zort Aarbecht ze verriichten ass, wäert an Zukunft déi rapid Evolutioun vun der Technik souwuel d'Patrone wéi d'Gewerkschaften erausfuerderen. Automatiséierung, Robotik an Digitaliséierung bréngen e grondleeënde Wandel an enger ganzer Rei vu Beruffer, deen aner Kompetenze wäert fuerderen. Dat verlaangt och eng aner Approche vun der Tâche, déi eng méi grouss Verantwortung op allen Niveaue vum Betrib verlaangt. Dësen Aspekt gëtt awer bis elo wéineg thematiséiert. Et fält virun allem op, datt d'Leit zwar gär Uspréch erhiewe fir méi am Entscheedungsprozess agebonnen ze ginn, mee sech grad sou séier virun hirer Verantwortung ewechdrécken, wann eppes schif leeft oder falsch Decisioune getraff ginn.

Eng Saach ass sécher: Egal wéi wäit den technologesche Fortschrëtt eis Aarbechtswelt wäert duerchdréngen, sinn et nach ëmmer déi mënschlech Ressourcen, déi den Aarbechtsprozess decisiv bestëmme wäerten.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.