Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Weyes Blood - Everyday

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spannungen no de Walen an der Gemeng Bettenduerf

Gemengewale Bettenduerf

Spannungen no de Walen an der Gemeng Bettenduerf

Tensiounen an der Gemeng Bettenduerf: D'Biergerlëscht vum Éischtgewielte José Vaz Do Rio huet eng Koalitioun mat enger anerer Biergerlëscht decidéiert, ouni de José Vaz Do Rio mat an de Schäfferot ze huelen. De Patrick Mergen vun der Lëscht "Meng Gemeng - Mäin Doheem" gëtt Buergermeeschter.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


D'Walen e Sonnde suergen an der neier Proporzgemeng Bettenduerf fir Tensiounen. Den Éischtgewielten an aktuell éischte Schäffe José Vaz Do Rio kritt kee Posten. An dat obwuel hie souwuel 2017, wéi och dës Gemengewalen, déi meeschte Stëmme kritt huet.

"J'ai aussi demandé premier échevin. Et j'ai eu le plus de voix. Et je trouve en plus qu'ils ont pas respecté le choix du peuple."

D'Biergerlëscht "Eng Ekipp fir Iech", mat der hien an d'Wale gaangen ass, mécht eng Koalitioun mat der Lëscht "Meng Gemeng - Mäin Doheem" - an de José Vaz Do Rio kënnt net an de Schäfferot. Senger Meenung no gëtt et ee bestëmmte Grond dofir.

"Leur explication, c'était que je ne sais pas vraiment parler ou écrire le Luxembourgeois. Mais j'étais là aussi cinq ans et demi. Alors là, cela ne dérangeait pas que je parlais pas assez luxembourgeois. En plus je comprends un peu mieux."

De José Vaz Do Rio. (Foto: Lisa Lahos)

Keng Äusserung vum neie Buergermeeschter

2017 hat hien op de Buergermeeschterposte verzicht, wëll hie seng Erfarung an der Gemengepolitik a seng Lëtzebuergesch-Kenntnisser nach verdéiwe wollt.

"Mais il y a d'autres explications, mais je veux pas raconter, cela ne vaut pas la peine."

Op d' Nofro hin beim Patrick Mergen, dem designéierte Buergermeeschter, heescht et, et wéilt ee sech dozou net äusseren. Et wéilt ee virun allem keen Ueleg an d'Feier schëdden. D'Verhandlungen tëscht deenen zwou Biergerlëschte wiere propper ofgelaf an et hätt ee sech bei der Posteverdeelung unanime kënnen eenegen.

D'Suzette Serres, déi e Sonndeg eenzeg Gewielten op der drëtter Lëscht war, hätt un dëse Verhandlungen ëm de Schäfferot an der Gemeng Bettenduerf net deelgeholl. Si wier duerno informéiert ginn.