Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Womack & Womack - Teardrops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spärstonn zu Berlin

Corona-Pandemie

Spärstonn zu Berlin

Zanter kuerz nom Zweete Weltkrich gouf et zu Berlin keng Späerstonn méi. Dat huet sech geännert: wéinst der Hausse un Corona-Neiinfektioune gëtt zu Berlin an e puer aneren däitsche Stied elo de Verkaf vun Alkohol an der Nuecht ageschränkt.

auto_stories

2 min

1949, also véier Joer nom Enn vum zweete Weltkrich, gouf d'Spärstonn an der däitscher Haaptstad ofgeschaaft. Dat huet sech elo geännert: Bistroen, Restauranten a Caféen hu vun 23 a bis sechs Auer zou, d'Tankstellen dierfen nëmme Bensin verkafen.

Fir eng Stad wéi Berlin, déi op der ganzer Welt vir hiert Nuetsliewe bekannt ass, ass dat nom Lockdown am Mäerz den nächste grousse Schock.

Mat dëser Restriktioun a verschäerfte Kontaktbeschränkungen am private Raum reagéiert de Berliner Senat op d'Hausse un Neiinfektioune mam Coronavirus. All dat gëllt den Ament bis den 31. Oktober.

Gastronome ginn op d'Geriicht

Kuerz no der Decisioun sinn d'Berliner Gastronomen dogéint an d'Offensiv gaangen. Si zéie virun d'Verwaltungsgeriicht an argumentéieren, d'Restriktioun stéing net am Verhältnis, d'Neiinfektioune wiere virun allem am private Raum an duerch illegal Partye begrënnt.

Weider géifen d'Evenementer dann op aner Plaze verluecht gi, wou et keng Hygiènesmesurë géif ginn. D'Wirtschaftssenatorin Ramona Pop wëllt dës Woch e Programm op de Wee bréngen dee Gastronomen, déi Ëmsaz verléieren, finanziell ënnerstëtze soll.

Moossname ginn a Fro gestallt

D'Moossname ginn trotzdeem souwuel an der Politik, wéi an der Fuerschung a Fro gestallt. Kann esou eng Spärstonn iwwerhaapt funktionéieren? Wéi soll se flächendeckend kontrolléiert ginn?

Strofe vu bis zu 5.000 Euro si vir déi Gastronome festgeluecht, déi sech net un déi nei Regulatioun halen. Mee e Bléck a verschidde Bistroen an op d'Stroosse vum Bezierk Neukölln, wou d'Inzidenz den Ament bei 147,3 pro 100.000 Awunner läit an domat a Berlin am héchsten ass, weist, datt d'Kontroll eng schwiereg Aufgab dierft ginn. D'Mënsche sti virun de Bistroen an drénken dobaussen hire Béier.

Gäscht aus Risikogebitter sinn net erlaabt

Méi staark kritiséiert gëtt e sougenannte Beherbergungs-Verbuet. Verschidde Bundeslänner erlaben den Ament keng Gäscht aus däitsche Risikogebitter.

Virum Hannergrond, datt warscheinlech ganz Däitschland geschwënn Risikogebitt wier, misst et méi eenheetlech Moossname ginn, dat fuerderen ënner anerem de SPD-Deputéierten a Gesondheetsexpert Karl Lauterbach an de Charité-Virolog Christian Drosten. Bei der Ministerpresidentekonferenz soll e Mëttwoch nach emol doriwwer berode ginn.