En vue vun de Chamberwalen Spëtzekandidat: D'CSV hëllt eréischt d'nächst Joer eng Decisioun

D'CSV wëllt eréischt d'nächst Joer annoncéieren, wien d'Spëtzekandidatur bei de Chamberwalen iwwerhëlt, seet d'Elisabeth Margue. Si soll muer um CSV-Kongress als nei Parteipresidentin gewielt ginn. D'Elisabeth Margue betount d'CSV wéilt sech am Moment op Theme konzentréieren.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Stéphanie Weydert an Elisabeth Margue

Virun de leschte Chamberwalen hätt d'Partei mam Claude Wiseler scho ganz fréi e Spëtzekandidat an d'Course geschéckt, esou déi designéiert CSV-Presidentin. Dat wier awer keng einfach Situatioun gewiescht.

"Wann een ee schonn zwee Joer virdrun an d'Course schéckt, a seet: Dat ass äre méigleche Premierminister. Da gëtt een natierlech op all Eck getest. An am Fong geholl huet een duerno just schlecht Kaarten, well déi ganzen Zäit just aus dem Bléckwénkel analyséiert gëtt wat ee mécht. An dofir menge mer datt et besser ass mir konzentréieren eis elo op Themen."

D'Prozedur fir de Spëtzekandidat ze definéiere soll dann d'nächst Joer lancéiert ginn, esou d'Elisabeth Margue. Aner Parteie wëllen dat scho méi fréi maachen: D'LSAP huet viru Kuerzem matgedeelt, si wéilt d'Spëtzekandidatur bannent den nächsten zwee Méint klären.

"Skandaléis", datt d'Regierung keng Upassungen un der Steiertabell mécht

D'CSV géif der Regierung hir rezent Proposen am Kader vun der Tripartite begréissen, seet d'Stéphanie Weyder. Si bedauert awer, datt d'Regierung d'Steiertabell net wéilt upassen, fir Leit mat klengem a mëttlerem Akommes ze entlaschten. D'Regierung huet de Sozialpartner am Kader vun den Tripartitegespréicher ënner anerem d'Propos gemaach, fir just nach eng Indextranche pro Joer auszebezuelen an dofir Leit mat méi niddregem Akommes iwwer Steierkreditter ze entlaaschten.

"Dat ass eng Problematik, déi déi hei Regierung sech grouss op de Fändel geschriwwen huet, wéi ugefaangen huet. Lo si mer ee Joer virun de Walen an et ass iwwerhaapt näischt geschitt an ech fäerten och, datt iwwerhaapt näischt geschitt bis un d'Enn vun dëser Legislatur hei. An dat ass eigentlech skandaléis."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

D'Ekipp vu "Fokus"
Lëtzebuerg

Ouni de Fränk Engel, dee stënterlech huet missen hospitaliséiert ginn, ass de Mëtteg déi nei Partei "Fokus" virgestallt ginn, déi de fréieren CSV-President zesumme mat aneren an d'Liewe geruff huet.

De Laurent Mosar, de Léon Gloden, de Serge Wilmes an de Gilles Roth
Demonstratiounen

D'CSV fuerdert ee Gesetz mat klore Reegele fir Manifestatiounen. Nieft dem Platzverweis sollen d'Organisateure fir méiglech Ausschreidungen haftbar gemaach ginn. Och méi héich Strofe solle méiglech sinn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen