Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spezial Wahlen: Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?

Chamberwahlen 2018

Spezial Wahlen: Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?

Wéi sollen déi verschidde Politikberäicher Wirtschaft, Soziales an Ëmwelt iwwert d'Steieren ausgeriicht ginn? Wat fir en Accent setzen déi verschidde Parteien an der Besteierung vun de Stéit, de Betriber an dem Patrimoine? Am Virfeld vun de Chamberwahlen diskutéiere Vetrieder vun néng Parteien, déi fir d'Chamberwahlen untrieden iwwer verschidde Steiermesuren. Net mat um Dësch war d'Partei Demokratie, déi kuerzfristeg ofgesot huet.

auto_stories

4 min

Rei 3 v.l.n.r: Ali Ruckert, Mario May, Alex Penning / Rei 2: Jerry Weyer, Pierre Gramegna, Gilles Roth / Rei 1: Carole Thoma, Sam Tanson, Alex Bodry

An der Steierpolitik zitt sech eng grouss Linn duerch d'Positioune vun de verschiddene Parteien. Bei der Betribsbesteierung gëtt et kloer Differenzen tëscht wirtschaftspolitesch liberalen a lénkse Parteien.

Betribsbesteierung

D'CSV, d'DP, d'ADR an d'Piratepartei positionnéiere sech vu méi bis manner wirtschaftsliberal - mat weidere Baissë vun den Zënstauxe bei der Betribsbesteierung, wéinst der Kompetitivitéit. D'CSV nennt als eenzeg Partei kloer en ugestriefte Besteierungstaux vun 20 Prozent.

Lëtzebuerg misst "am Spëtzepeloton bleiwen, vun den EU-Länner, respektiv den OECD-Länner, wat den Taux d'affichage ugeet", seet de Gilles Roth (CSV). Dat wier politescht Gespier an et misst een "e gesonde Mix" fannen, tëscht "deem wat noutwendeg ass", an deem "wou et fir de Staatsbudget net méi vertrietbar ass". Hie wier sech bewosst, datt et Limitte gëtt, wat d'Erofsetze vun der Betribsbesteierung ugeet. Déi 20 Prozent, déi mëttelfristeg géifen ugestrieft ginn, wieren esou eng Limitt, seet den CSV-Deputéierten a Kandidat fir d'Chamberwahlen.

Op der anerer Säit vum wirtschaftlspolitesche Spektrum fënnt een déi Lénk an d'KPL. Si fuerdere méi héich Steiere fir Betriber, fir méi Sue kënnen ëmzeverdeelen, a fir méi Steiergerechtegkeet tëscht Stéit a Betriber ze erreechen.

An der wirtschaftspolitescher Mëtt vun de Parteien, stinn déi Gréng an d'LSAP. Weider Baissë vum Besteierungstaux fir Betriber schléisse zwou Parteien aus. Déi Gréng sinn awer och fir steierlech Avantagë fir sougenannt "innovativ" Betriber. D'LSAP wëll d'Produktivitéit besteieren iwwert eng Steier op artifiziell Intelligenz a Robotik.

Déi Konservativ, si fir e Status quo bei der Betribsbesteierung, woubäi, esou de Mario May, grouss Konzerner méi Steiere solle bezuele wéi klenger.

D'Differenzen tëscht de Parteie wat d'Besteierung vun de Stéit ugeet si manner prononcéiert.

De Facteur Aarbecht

All d'Parteie sinn der Meenung, datt d'Salariéen an de Facteur Aarbecht steierlech weider sollen entlaascht ginn, virun allem fir déi ënnescht Akommessschichten, a fir Monoparentallen. Déi Gréng, d'LSAP, d'DP, d'Piratepartei an déi Lénk wëllen den aktuelle System vun den dräi Steierklassen iwwerpréiwen, nobesseren a laangfristeg eng Individualbesteierung, an där d'Kanner iwwert Steierkreditter mat abezu ginn. D'KPL wëll d'Steierklass 1A ofschafen an d'Steiertabell regelméisseg un d'Inflatioun upassen.

Beim Thema vun enger progressiver Upassung vun der Steiertabell si virun allem den Alex Bodry (LSAP) an den Ali Ruckert (KPL) sech net eens, wéi dësen Echange weist:

Ruckert: Grad dat ass eng Mesure, d'Steiertabell un d'Inflatioun un ze passen.

Bodry: Mir si fir gezielte Steierpolitik.

Ruckert: Dat ass eng Politik wou och d'Gewerkschafte fuerderen.

Bodry: Net mat der Strenz.

Ruckert: Datt déi soll ugepasst ginn, dat ass eng Mesure déi d'CSV-LSAP-Regierung geholl hat, an déi dës Regierung weider gefouert huet.

Bodry: Wie profitéiert vun dëser Upassung?

Ruckert: All déi Leit, déi e klenge Loun hunn, an déi dorënner leiden.

Bodry: Nee, d'Mindestlounbezéier déi profitéiere guer net dovunner, een Euro mëscht dat fir si aus.

Ruckert: Wësst dir, dir braucht net mam Mindestloun ëmzegoen, Här Bodry.

Bodry: Ech kann awer rechnen.

Ruckert: Wann dir mam Mindestloun misst ëm ze goen, da wéisst dir, datt dir all Euro musst zwee mol am Grapp ëmdréine fir en iwwerhaapt aus ze ginn.

Bodry: Ma hëlleft deene Leit gezielt. Crédit d'impôt. Da kréien se nach ausbezuelt.

Ruckert: Dat hutt dir och net gemaach bis elo.

Bodry: Dat hu mir gemaach.

D'CSV an ADR wëllen d'Steierklass 1A adaptéieren, de System vun de Steierklasse soll fir si bäibehale ginn. "Mir sinn natierlech net fir eng Ofschafung, seet den Alex Penning (ADR). D'Situatioun vu Leit aus der Steierklass 1A géif sech vun där vu Leit aus der Steierklass 2 ënnerscheeden. "Déi Leit déi an der Steierklass 2 sinn, dat si Leit déi bestuet sinn a wou och Kanner sinn", seet den Alex Penning. Dat wier de Familljemodeel, deen d'ADR sech géif virstellen, esou géif et och am Programm vun der Partei stoen. "Leit déi am Partenariat sinn oder bestuet sinn, déi Kanner hunn. Déi leit sollen net penaliséiert sinn, par Rapport zu deene Leit déi Monoparentalle sinn, oder déi keng Kanner hunn."

Déi Konservativ wëllen d'Steierklass 1A ofschafen an en Erzéiungsgeld aféieren.

Grondsteier

E grousse Konsens tëscht de Parteie gëtt et bei Grondsteier. Gréng, LSAP, CSV, DP, Lénk a Konservativ si fir eng Reform vum aktuelle System. Woubäi dovunner just déi Konservativ keng Hausse vun der Grondsteier wëllen. D'ADR ass déi eenzeg Partei déi d'Grondsteier wëll ofschafen. D'Piraten an d'KPL soen näischt zur Grondsteier. D'KPL wëll eng Spekulatiounssteier op Bauland.


Resumé vun der Table ronde:

Lauschterenplay_arrow