Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - Boneless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SPFP fuerdert Récktrëtt vu Ministere Bausch a Kox

Streitfall Christian Schleck

SPFP fuerdert Récktrëtt vu Ministere Bausch a Kox

De Syndicat vun de Forces publiques SPFP gëtt net op, an d'Affär Christian Schleck spléckt weiderhin d'Arméi, obwuel de President vun der Arméigewerkschaft SPAL säi Poste behält. Den Dënschdeg den Owend huet den Daachverband vu Police- an Arméigewerkschaft SPFP, nieft dem Récktrëtt vum Chef d'Etat-Major och dee vum Arméisminister François Bausch a sengem bäigeuerdente Minister Henri Kox gefuerdert. Eng Äntwert, wéini et bei der Arméigewerkschaft zu enger Assemblée générale géif kommen, wou en neie Comité kéint gewielt ginn, wollt een awer net ginn.

auto_stories

4 min

An dowéinst koum et um Enn vun der Informatiounsversammlung, op déi eng 60 bis 80 Leit komm waren, zum Eclat. De Claude Guden, ee Member vum Spal, dee géint d'Récktrëttsfuerderung vum Chef d'Etat-Major Alain Duschène war, ass opgestanen. Hie wollt vum Christian Schleck wëssen, wéini eng Assemblée générale géif ofgehale ginn. Doropshi sot de Pascal Ricquier, President vum SPFP:

"Här Guden, ech wäert fir den Här Schleck äntweren. Mir sinn hei SPFP an hei gi keng Froen vum SPAL gestallt, a mir wäerten och keng Froe vum SPAL beäntweren. Dir kritt zum Zäitpunkt, wou et dann eben ass, kritt Dir geäntwert, mee Dir kritt net haut hei geäntwert."

No der Versammlung huet de Claude Guden op Nofro erkläert:

"Majo mir hunn de 16. Dezember en ageschriwwe Bréif gemaach, wou mir méi wéi ee Fënneftel vun de Membere vum SPAL haten, wou mir gefrot hunn eng Assemblée extraordinaire vum SPAL ze maachen, déi mir awer bis haut net accordéiert kritt hunn."

Onkloer, wéini en neie SPAL-Comité gewielt gëtt

Dobäi hunn déi demissionär Comités-Memberen en Avis juridique vun der CGFP zur Fro, ob de SPAL net muss eng Assemblée extraordinnaire an engem gewëssen Delai ofhalen. Deen Avis seet laut Claude Guden, datt "no Geflogenheeten", normalerweis bannent engem Mount eng AG misst aberuff ginn. Deen Delai wier "awer laang eriwwer", sou de Claude Guden.

De Comité vum SPAL besteet de Moment just nach aus dräi Memberen. Bei Neiwale géif de Christian Schleck méiglecherweis net méi zeréck an de Comité gewielt a géif seng Positioun als Vertrieder vum Personal verléieren. Op Nofro, ob de President vum SPAL net selwer kéint soen, wéini déi vun de Membere gefroten Assemblée wier, sot de Christian Schleck: "Dozou kënne mir zu engem aneren Zäitpunkt Stellung huelen. Dat ass net den Owend." Op d'Fro, wéini deen Zäitpunkt wier, äntwert de Christian Schleck: "Dat kritt Dir zäitno matgedeelt."

Do virdrun hate sechs Leit vum SPFP, y inclus de Christian Schleck an de Pascal Ricquier, wärend méi wéi zwou Stonnen hir Versioun vum Werdegang vun der Affär ëm dem Christian Schleck seng Reaffektatioun erzielt. Wierklech nei Informatioune sinn dobäi net op den Dësch komm. Opgefall ass, datt net erkläert gouf, firwat de Christian Schleck op dem Posten um Bureau d'Orde auxilliaire, op deen hie sollt versat ginn, seng Aarbecht als Gewerkschafter net méi hätt kënne maachen. Dozou sot hie just: "Do ginn ech net elo an den Detail."

Ass eng Enquêtëkommissioun vun der Chamber néideg?

Déi ganz Prozedur fir d'Versetzung vum Christian Schleck wier illegal gewiescht, huet et geheescht. Eng Enquêtëkommissioun misst dat ënnersichen. Ob domat eng Enquêtëkommissioun vun der Chamber gemengt wier, konnt de Pascal Ricquier dono net soen.

"Dat muss d'Politik kucken, wéi déi opgestallt gëtt. Et ginn esou Enquêtëkommissiounen. Dat gëtt vun der Politik aus gemeet."

Op d'Politik ass de Pascal Ricquier awer net gutt ze schwätze gewiescht. A senger Conclusioun sot hien, datt de Generol elo laang genuch Zäit gehat hätt fir ofzetrieden, "fir gutt aus der Affär erauszekommen", an "lo fuerdere mir, datt de Minister en ofsetzt. Wa mir da scho bei de Ministere sinn [...] D'Ministeren hunn esou versot, datt mir elo och de Récktrëtt vun de Ministere fuerderen."

D'nächst Woch géife Plaintë beim Bureau international du travail zu Genève deposéiert ginn. Mee och op Basis vum droit pénal militaire géint de Chef d'Etat-major Alain Duschène an aner Leit an der Arméi, déi - Zitat - Volksverhetzung géint de Christian Schleck gemaach hätten.

CGFP wosst näischt iwwer weider Récktrëttsfuerderung

De Verteidegungsminister François Bausch a säi bäigeuerdente Minister Henri Kox kommentéieren d'Récktrëttsfuerderung géint si vum SPFP net. Den Dossier wier ofgeschloss, an et wier alles gesot ginn, sou d'Spriecherin. D'Staatsbeamtegewerkschaft war am Virfeld net iwwer dës Récktrëttsfuerderung informéiert gewiescht. D'CGFP géif d'Fuerderung elo analyséieren an de Fall gesat doriwwer kommunizéieren, heescht et op Nofro hin. Wéini dat soll sinn, ass den Ament nach net gewosst. Den SPFP huet donieft gëschter och d'Récktrëttsfuerderung géint de Chef d'État-Major Alain Duchène widderholl.


Notiz: An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, datt de Claude Guden Member am Comité vum Spal war. Dat gouf korrigéiert.