Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - 12 Études, livre II, L. 136, XI. Pour les sonorités opposées. Modéré, sans lent - Joseph Moog (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spideeler: Personalschlëssel net gekläert

Corona-Kris

Spideeler: Personalschlëssel net gekläert

D'Gesondheetskeess an d'Spideeler hunn nach net gekläert, wéi dat medezinescht Personal soll organiséiert ginn a wéi vill zousätzlecht Personal dierf rekrutéiert ginn, wann d'Zuel vun den Hospitalisatioune vu Covid-Patiente weider klëmmt.

auto_stories

1 min

Virgesinn ass ee Stufeplang mat fënnef Phasen (vun 0 bis 5): bis ewell gëtt et een Accord fir déi éischt dräi Phasen. Hei ginn et kloer Virgaben, wéi vill Dokteren a wéi vill Fleegepersonal fir d'Covid-Filièrë mussen disponibel sinn. Am Ofkommes gouf och festgehalen, datt déi véier Spideeler bis zu 79 nei Vollzäitplaze kënne schafen.

All dës Detailer si fir d'Phas 3 net gekläert. Déi Phas soll declenchéiert ginn, wann d'Zuel vun den Hospitalisatiounen op iwwer 200 klëmmt (164 an de Soins normaux, 42 an de Soins intensifs) an aner medezinesch Aktivitéiten an de Spideeler mussen erofgeschrauft ginn. D'Spideeler sinn eegenen Aussoen no elo schonn drop an drun an d'Phas 3 ze kommen.

De Christian Kirwel, Direkter vun de Soine vun den Hopitaux Robert Schuman, hätt dat "léiwer virun zwee Méint" beschwat, seet hien am 100,7-Interview. Datt et nach kee Personalschlëssel gëtt fir déi drëtt Phas an de Spideeler, nennt d'Gesondheetsministerin d'Paulette Lenert "net ze spéit". Dat géif elo ganz kuerzfristeg decidéiert ginn.