Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sproocheronnen iwwer d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen

Lëtzebuerger Sprooch

Sproocheronnen iwwer d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen

Op véier "Sproocheronnen" uechter d'Land konnten interesséiert Leit am Laf vun de leschte 14 Deeg Virschléi maachen, wéi een d'Lëtzebuerger Sprooch weider promovéiere kann. D'Iddien, déi op den Dësch koumen, wäerten an den 20-Joresplang fir d'Sprooch afléissen deen de Marc Barthelemy, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, bis den Hierscht ausschaffe soll.

auto_stories

3 min

An de leschten zwou Woche goufe véier Sproocheronnen zu Esch, Iechternach, an der Stad an zu Klierf organiséiert.

Wéineg Undrang

En Dënschdeg ware just e Grapp voll Leit op der Stater Sproocheronn am Festsall vum Lycée Michel Rodange um Geesseknäppchen. Vun de wäit iwwer 300 Still sinn déi meescht eidel bliwwen, eng ronn 30 Leit déi komm si souze wäit auserneen... social distancing ouni, datt et sanitär Ursaachen dofir géif ginn.

D'Woch virdru wieren zu Esch an Iechternach och net vill Leit do gewiescht, mee et hätte sech do awer interessant Diskussiounen entwéckelt, soten déi déi dobäi waren: d'Quantitéit vun den Nolauschterer seet eben näischt aus iwwer d'Qualitéit vum Debat. Firwat soll dat hei anescht ginn, mengt och den Educatiounsminister Claude Meisch a senger Begréissung:

"Haut solle mer emol alles bréngen, alles opschreiwen, alles notéiere wat et nach esou gëtt vu Méiglechkeeten a vu Besoinen. An da wäert do schonn déi eng oder aner Iddi erëm dra sinn, déi ouni dës Diskussioun vläicht ni an den 20-Jores-Plang komm wier."

Iddie sammele fir en neie Promotiounsplang

Effektiv ass d'Zil vun dëse Sproocheronnen, fir zur Ausschaffung vun engem neie Plang fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch bäizedroen. Viru fënnef Joer gouf schonn eng Kéier ee 40-Punkte-Plang virgestallt, deen zu engem gudden Deel scho realiséiert gouf. Dëse soll elo verdéift, ausgebaut, vervollstännegt ginn, jee: perfektionéiert.

Stater Sproocheronn

D'Diskussioun um Geesseknäppche fänkt u mat engem éischte Stéchwuert, dat d'Moderatrice an de Raum geheit: d'Schoul. Wat do ka gemaach ginn, fir eis Sprooch ze fërderen? Hei gi vill Virschléi gemaach. Et gëtt ënner anerem vun Enseignanten no méi didakteschem Material gefrot, mee och soll méi Gewiicht op d'Orthographie duerch Lëtzebuergesch als Flichtfach geluecht ginn.

Allgemeng ass et de Wonsch, dem Léiere vun der Sprooch méi Plaz am Schoulalldag ze ginn. Idem an der Aarbechtswelt, woubäi een do op en Test als Ofschloss bestoe sollt: ouni Exame géif e Sproochecours soss net vill bréngen. D'Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum méi present maachen, ass e weidere Wonsch: vu Stroosseschëlder iwwer Internetsitte bis bei Lëtzebuerger Ënnertitelen a Filmer.

Vun den Auslänner am Sall kënnt d'Klo, datt si sech dacks d'Méi ginn, op lëtzebuergesch wëllen ze schwätzen, dann awer an hirer Sprooch geäntwert kréie soubal de Géigeniwwer mierkt, datt d'Lëtzebuergescht net hir Mammesprooch ass: sollt een net z.B. eng Spéngel oder e "Button" erausbréngen, mat deem de Friemsproochler signaliséiert, datt e lëtzebuergesch schwätze wëll?

Réckmeldunge vum Kommissär an ZLS

De Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, de Marc Barthelemy, huet der Diskussioun opmierksam nogelauschtert, an net nëmmen al Bekanntes a laang Gewosstes héieren:

"Natierlech sinn déi meescht Saache Widderhuelungen, dat ass ëmmer e bëssen an deem selwechten Ëmkrees. Mee et kommen ëmmer erëm nei Ideeën, a virun allem kommen och ëmmer Léisungsméiglechkeeten, déi proposéiert ginn, déi ech ganz interessant fannen."

De Luc Marteling, Direkter vum Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), war och bei dräi Sproocheronnen dobäi bei deenen et regional Ënnerscheeder goufen, et wier keng Sproocheronn gewiescht wéi déi aner, seet hien:

"Hei gouf méi op dat Franséischt higewisen, op franséisch Wieder mat deenen ee soll e bësse méi douce ëmgoen [...] Dat war eppes wat op deene viregt Sproocheronnen net dra war. Zu Iechternach ass op den däitschen Afloss agaange ginn, an um Belval ass et e bësse méi em Lëtzebuergesch a Friemsprooch gaangen."

No der Sproocheronn konnten d'Leit nach weider diskutéiere mat Rieslings-Paschtéiten, Wirschtercher mat Moschter, klenge Kuuschte mat Kachkéis an engem Patt.