Radioen

On air

Notturno  |  Il Quadro Di Troisi - Beata

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spuerkeess: Zënse bei Prête mat variabelem Taux wäerten eropgoen

Leetzëns gouf gehéicht

Spuerkeess: Zënse bei Prête mat variabelem Taux wäerten eropgoen

Et ass evident, datt d'Zënse bei de Prête mat variabelem Taux iwwert déi nächst Zäit wäerten erop goen, esou d'Spuerkeess no der EZB-Decisioun fir d'Leetzënsen ëm 0,5 Prozentpunkten erop ze setzen. Wéini d'Tauxe bei der Spuerkeess wäerten ugepasst ginn, géif de Moment gekuckt ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / MikeTre


D'Spuerkeess wier haut am gaangen ze analyséiere, wéi si d'EZB-Decisioun vu gëschter bei sech ëmsetzt.

D'Situatioun wier aussergewéinlech, well ee viru enger Serie vu Leetzëns-Erhéijunge steet, erkläert de Claude Hirtzig vun der Spuerkeess am 100,7-Interview.

"Dat ass eppes wat et an Europa ënnert där Form am Fong nach net gouf. Mir ginn dovun aus, datt d'Zënsen vun der Zentralbank elo am September nach eng Kéier erop ginn, an dann am Oktober warscheinlech nach eng Kéier an am Dezember och nach eng Kéier. Mir sinn am gaangen ze kucken, ob een dat kann eventuell bündelen, well mer soss an der Situatioun sinn, dass een all Mount misst Ajustementer maachen."

Spuerer sollen hir Suen uleeën

Och wann d'Zënstauxen an den nächste Méint klammen, bedeit dat fir d'Spuerer nach ëmmer e Verloscht u Kafkraaft, dat wéinst där héijer Inflatioun.

Eng Recommandatioun vun der Spuerkeess ass déi, seng Sue fir méi laang Zäit unzeleeën.

"Et ass effektiv esou, doduerch dass d'Zënsen an d'Luucht ginn, dass een och iwwert déi nächsten Zäit z.B. Méiglechkeete wäert hunn, fir Dépôts à terme ze maachen, eppes wat iwwert déi leschten zéng Joer jo net gaangen ass."

Immobiliëprêten: déi meescht krute schonn een Taux fixe

Déi absolut Majoritéit un Immobiliëprête wier an de leschte Jore mat engem fixen Taux ofgeschloss ginn.

Donieft wier mat de Clienten eng Zort "Stresstester" gemaach ginn, fir ze simuléiere wat geschitt, wann déi variabel Tauxen erop ginn.

"Eis Prête sinn och esou decidéiert ginn, an der Optik, ass dat dann nach tenabel, net nëmme fir d'Bank ze schützen mee och fir de Client ze schützen, datt hie sech dat nach ka leeschten. D.h. mir kënnen do awer mat enger gewësser Sécherheet soen, datt och wann d'Leetzënsen esou relativ séier an d'Luucht ginn, datt mer do net bei de Clienten strukturell elo Problemer kréien. Natierlech bedeit dat een Impakt op d'Kafkraaft, dat ass evident, dat ass och warscheinlech da keng schéi Saach."

Der Spuerkeess no kéinten déi variabel Tauxen op Immobiliëprêten op 3,5 bis 4,5 Prozent klammen: genee esou héich leien de Moment bei dëser Bank déi fix Zënssätz.

Een Impakt op Immobiliëprêten

D'Spuerkeess wier an der Vergaangenheet net méi retizent ginn, fir Immobiliëprêten ze accordéieren, esou de de Claude Hirtzig.

Wéi een Impakt wäert d'Leetzënserhéijung, déi gëschter ugekënnegt gouf, an déi warscheinlech weider Erhéijungen an den nächste Méint, op de Lëtzebuerger Immobiliëmarché hunn?

"Natierlech gëtt doduerch, datt d'Zënsen an d'Luucht ginn, d'Charge fir de Client méi grouss. Wann dir also an der Vergaangenheet een Dossier hat, dee just opgaangen ass, do wäerten Dossieren dann effektiv net gemaach ginn. D.h. mir kënnen elo net soen, datt dat guer keen Impakt hätt. Et kann een dovun ausgoen, datt et zu engem gewësse Ralentissement vun den Dossiere wäert kommen, dat ass inevitabel wann der Mensualitéiten hutt, déi e puer Honnert Euro méi deier ginn, da wäerte verschidde Clientë vu sech aus selwer soen, lo waarden ech villäicht of. Anerer sinn dann net méi ënner där Form machbar."

Dem Claude Hirtzig vun der Spuerkeess no kéint ee sech erwaarden, datt et bei de Präisser vun den Immobilien iwwer déi nächsten Zäit zu enger Offlaachung kënnt.