Radioen

On air

Resonanzen  |  William Boyce - Sinfonie Nr. 4 a Fa Majeur, I. Allegro - The English Concert, Trevor Pinnock (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staark Croissance bei de Benefice vu Promoteuren

Immobiliësecteur

Staark Croissance bei de Benefice vu Promoteuren

D'Immobiliëpromoteuren hu staark vun der Entwécklung um Immobiliëmarché profitéiert. Dat weisen Zuelen, déi d'Regierung an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro nennt. D'Beneficen an den Ëmsaz vun den Immobilienagencen a vun de Promoteure wieren iwwer d'Jore konstant geklommen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Dat besonnescht bei de Promoteuren: 2019 hu si e Benefice vu 575 Milliounen Euro gemaach, 2018 louch hire Profit nach bei 390 Milliounen Euro, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot a senger Äntwert op eng Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.

An zéng Joer huet de Benefice vun de Promoteure sech quasi vervéierfacht. Bei den Immobilienagencen ass et och eng staark Croissance. Si hunn am Joer 2019 226 Milliounen Euro u Benefice gemaach. Bal dat duebelt wéi zéng Joer virdrun.

De Secteur wier iwwer déi lescht zéng Joer kontinuéierlech gewuess: de rezentste Chiffere vum Statec no hunn 2019 hei am Land iwwer 3.500 Leit an der Immobiliëbranche geschafft.

D'Zuel vun den Entreprisë louch bei ronn 2.400 - dat sinn der quasi 1.000 méi wéi zéng Joer virdrun. D'Zuel vun de Faillitten huet an de leschten 10 Joer nëmme liicht fluctuéiert. All Joers ginn jeeweils eng 20 Promoteuren an Agencë faillite.

Déi geographesch Konzentratioun vun den Agencen a Promoteuren läit zum groussen Deel an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch.