Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Monophona - Elastic (I Do)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staark Gewerkschaftspräsenz an de grousse Betriber

Sozialwahlen 2019

Staark Gewerkschaftspräsenz an de grousse Betriber

An den Etablissementer mat iwwer 500 Salariéë kréien d'Gewerkschaften bal 90 Prozent vun den Delegéiertemandater. Den OGBL verléiert liicht un Zoustëmmung beim Personal, während den LCGB gewënnt.

auto_stories

5 min

Nach kee Gesamtiwwerbléck

D'ITM huet nach ëmmer keng definitiv Resultater vun den Delegatiounswahle publizéiert. Opgeruff ware ronn 4.000 Betriber an deene 15 Salariéen oder méi schaffen. Bis elo leien der Gewerbeinspektioun d'Resultater aus ronn 2.500 vir. Hei sinn déi net-syndikaliséiert Personaldelegéiert mat 54 Prozent am stäerkste vertrueden.

Den OGBL kritt ronn ee Véierels vun de Mandater, virum LCGB mat 15 Prozent. Déi méi kleng, sektoriell Gewerkschafte falen am Gesamtiwwerbléck prozentual kaum an d'Gewiicht.

Betriber mat iwwer 500 Salariéen

Een anert Bild ergëtt sech, wann een de Fokus op d'Betriber mat iwwer 500 Salariéë leet. Esou grouss ware bei dësen, respektiv de leschten, Sozialwahlen am Ganzen 91 Betriber. Hei hunn d'Delegatiounen néng bis 20 effektiv Memberen (dat ass bei de gréissten Etablissementer Luxair, Goodyear a Cactus mat iwwer 3.100 Salariéen de Fall).

Den 12. Mäerz goufen hei am Ganzen 1.114 effektiv Delegéiert gewielt (2013 waren et op déi selwecht Lëscht vun Entreprisë bezunn 1.053 Delegéiert). Just 12 Prozent dovunner sinn "neutral", also net-syndikaliséiert. Deen Taux ass géintiwwer de Sozialwahle vun November 2013 konstant bliwwen.

Amazon & Co: Gewerkschaften onerwënscht

D'Gewerkschafte sinn also wesentlech méi staark an de grousse Betriber vertrueden, wéi a mëttleren a klenge Betriber. Mat enger markanter Ausnahm: Zu de gréisste Firmen am Land gehéieren Amazon an déi véier Berodungsfirmen PwC, EY, KPMG an Deloitte.

Hei hunn d'Gewerkschafte grouss Schwieregkeete sech ze implantéieren, esou datt 2013 an 2019 quasi keng Gewerkschaftskandidate bei de Sozialwahlen ugetruede sinn. Och bei der Affekoteboîte Arendt & Medernach si just neutral Kandidaten ugetrueden.

Just den LCGB hat bei dëse Sozialwahle bei KPMG eng Lëscht a krut dräi vun de 16 Delegéiertemandater.

OGBL weider staark, LCGB gewënnt

Den OGBL bleift mat 48 Prozent däitlech stäerkste Gewerkschaft an de Betriber mat iwwer 500 Salariéen. E verléiert awer liicht am Verglach zu 2013, wou den Onofhängege Gewerkschaftsbond 52 Prozent vun den Delegéierten an de gréissten Entreprisë krut.

Den LCGB verbessert sech vun 21 op 27 Prozent vun de Mandater.

Finanzsecteur: Aleba verléiert

Ënner de gréissten Entreprisë sinn d'Banke staark vertrueden. Bei de 17 gréisste Banke verléiert d'Aleba un Zoustëmmung: D'Bankegewerkschaft huet elo 40 Prozent vun de Mandater, 2013 waren et nach iwwer 50 Prozent.

Amplaz huet d'Personal an de grousse Finanzinstituter eng éischte Kéier neutral Kandidate gewielt. OGBL an LCGB bleiwe konstant bei 35 respektiv 18 Prozent vun de Stëmmen.

Sektoriell Analys

An de grousse Spideeler, Fleegeservicer a Sozialdéngschter dominéiert den OGBL mat bal 80 Prozent vun de Mandater, dat ass liicht méi wéi 2013. De Recht vun de Mandater geet un den LCGB.

An de fënnef gréisste Botzfirmen (Dussmann, Nettoservice, Innoclean, Onet an ISS) gëtt dem OGBL seng Dominanz (Baisse vun 80 op 65 Prozent) vum LCGB (Hausse vun 10 op 35 Prozent) kontestéiert. Hei ginn et elo keng neutral Delegéiert méi.

An den 13 gréissten Industriebetriber gewënnt den LCGB Mandater op Käschte vum OGBL, sou datt béid Gewerkschaften elo ronn d'Hallschent vun den Delegéierte stellen.

Och bei Luxair a Cargolux gewënnt den LCGB un Zoustëmmung.

Keng wesentlech Verännerunge ginn et bei de grousse Restauratiounsfirmen (Sodexo, Provençale, Eurest), wou den OGBL am stäerkste vertrueden ass. Och bei Cactus an Auchan behält den OGBL eng staark Assise. Dat selwecht gëllt fir déi grouss Bauentreprisë Socom, Giorgetti an CDCL. Op der Universitéit an am Fuerschungsinstitut LIST stellt den OGBL alleguerten d'Delegéiert.

Bei de véier grousse Gardiennage-Firmen (G4S, Brink's, Securitas, Dussmann Security) verléiert d'NGL-Snep un Zoustëmmung (Baisse vun iwwer 40 op ënner 30 Prozent vun de Mandater). Dovunner profitéieren den OGBL an den LCGB.

Am ëffentleche Secteur (grouss Gemengen, Ponts & Chaussées) bleift den OGBL (deen hei gemeinsam mam Landesverband ugetrueden ass) mat 60 Prozent stäerkste Kraaft. An der Stad Lëtzebuerg mat hiren iwwer 1.900 Salariéë behält den "Neutrale Verband Gemeng Lëtzebuerg" seng néng Mandater, an d'FGFC ass elo mat dräi Mandater eng éischte Kéier vertrueden.

Bei der Post kritt d'Postgewerkschaft zwee Mandater bäi a kommen elo op siwe vu 16 Mandater, den LCGB huet ee Mandat méi a kënnt op sechs, an den OGBL verléiert zwee Mandater an huet der elo dräi.

Gewerkschaftszuelen

Déi zwou grouss Gewerkschaften OGBL an LCGB hu mëttlerweil och hir eegen Ziffere publizéiert, mat hiren Angaben no definitive Resultater aus alle Betriber.

Deemno wieren am Ganzen 1.977 OGBL-Delegéiert gewielt ginn (vu 5.120 Kandidaten, déi a 710 Betriber ugetruede sinn). Den LCGB hätt 1.165 effektiv Delegéiert (vun 3.750 Kandidaten, déi a 456 Betriber ugetruede sinn.

D'Aleba huet nach keng definitiv Resultater virleien.

De Landesverband huet elo 38 Delegéiert (liicht méi wéi 2013), de Syprolux 16 (liicht manner wéi 2013).

D'NGL-Snep wollt eis weder hir komplett Resultater vun 2013 nach déi vun 2019 nennen.

Iwwer déi genee Zuel vun neutrale Kandidaten/Delegéierten 2013 an 2019 leien eis keng präzis Ziffere vir.

Ronn een Drëttel vun de Kandidate ware Fraen, wéi vill weiblech Delegéiert gewielt goufen, hunn d'Gewerkschaften an d'ITM net oppe geluecht.