Radioen

On air

Al Schanken  |  Carolyn Wonderland - Trouble in the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Staark Kanner" vum Claude Meisch

Buchkritik

"Staark Kanner" vum Claude Meisch

Dem Educatiounsminister Claude Meisch säi Buch "Staark Kanner: Eng Häerzenssaach" koum am Juli bei Editions Phi eraus. Wéi et heescht, soll d'Buch en Abléck an dem Claude Meisch säin Handelen, seng Erfarungen an Iwwerzeegungen als Educatiounsminister ginn, a Perspektiven opweisen, wéi Bildung gelénge kann. Dësem Usproch gëtt d'Buch nëmmen zum Deel gerecht, mengt de Pierre Reyland.

auto_stories

4 min

"Iergendwann hunn ech ugefaange mat Schreiwen", steet an der Introduktioun. Dem Claude Meisch säi Buch gouf awer net "iergendwann" publizéiert, mee praktesch gläichzäiteg mam DP Wahlprogramm an dräi Méint virun de Chamberwahlen.

Et huet ee schonn den Androck, datt d'Editions Phi séier geschafft hunn, fir dem Educatiounsminister seng Notten, déi hien, eegenen Aussoen no, zu dräi Véierel um iPhone geschriwwen huet, mat Zäit a Buchform erauszebréngen: Am Inhaltsverzeechnes si Schreiffeeler.

De Claude Meisch berifft sech am Buch e puermol op Bildungsexperten an Etüden ouni präzis Referenzen ze ginn: et ass keng Bibliographie derbäi, wat bei engem Sachbuch eigentlech elementar ass. An dem Lieser d'Geleeënheet ginn hätt, selwer déi Texter nozeliesen, déi de Minister fir seng Politik inspiréiert hunn.

Trotz formelle Feeler kann d'Buch awer zum Deel seng Funktioun erfëllen, fir d'Debatt iwwer d'Educatioun aus deem ideologeschen, schwaarz-wäisse Beräich ze huelen, an eng nuancéiert Diskussioun ze erméiglechen. Dat och schonn doduerch, well d'Buch an enger net-akademescher Sprooch déi spezifesch Problematike vum Lëtzebuerger Educatiounssystem zimlech kloer beschreift. Dat kann zum allgemenge Verständnis bäidroe vun enger Matière, d'Educatioun, an där jidderee gär mat schwätzt well jiddwereen dovu betraff ass.

De Claude Meisch gesäit sech selwer als "Pragmatiker", een, deen net ze bremse wier, wann him eppes um Häerz läit. Seng Decisioun, fir no de Wahlen 2013 Educatiounsminister ze ginn, hätt vill Leit iwwerrascht, schreift de fréiere Banker. Mee:

"Ech wier haut och net Bildungsminister a kéint no quasi fënnef Joer net dee Bilan virleeën, wann et net grad d'Bildung vun de Kanner an deene Jonke wier, déi ee groussen Deel vun där Motivatioun ausmaachen, fir mech iwwerhaapt politesch ze engagéieren."

Mam Zesummeleeë vun der Educatioun mat der Enfance et Jeunesse an engem grousse Ministère wieren, dem Claude Meisch no, d'Viraussetzunge geschafe ginn, fir déi formal- an net-formal Bildung als eng ganzheetlech Bildungspolitik gläichwäerteg ze behandelen.

Woubäi, evidenterweis, och villes vum Ëmfeld an den Elteren ofhänke géif - wéi vill doheem mat de Kanner geschwat gëtt, zum Beispill, oder op si genuch Léift kréien. Den Elteren hir sozio-ekonomesch Ëmstänn an d'Tatsaach, datt déi, deenen et net esou gutt geet, dacks méi Problemer hunn, sech optimal ëm hir Kanner ze këmmeren - ginn an dësem Buch net am Fong behandelt.

Claude Meisch: Haut méi eng breet gefächert Bildungsoffer

Ëmmer nees setzt de Claude Meisch d'Mesuren, déi ënner him ageféiert goufen, an de Kontext net just vun där multi-lingualer Situatioun zu Lëtzebuerg, mee och, wéi hien et nennt, vun der "Multioptiouns-Gesellschaft", där d'Schoul elo méi gerecht gi wier. Haut géif et méi Choix wéi jee an der Lëtzebuerger Bildungsoffer. Als Parade-Beispiller hieft de Claude Meisch déi mëttlerweil véier Schoulen ervir, déi de Programm vun enger Europaschoul ubidden. Oder déi méi diversifizéiert Offer an de Lycéen.

Ëmmer nees probéiert de Claude Meisch seng Erfarunge konkret ze illustréieren, um Beispill vu Schüler, déi hie begéint hätt. Dat hëlleft, fir d'Buch accessibel ze maachen a reegt d'Lieser un, hir eegen Erfarunge mat anzebauen.

Kloer Parallellen zum DP-Wahlprogramm

Mee d'Parallellen tëscht dem Claude Meisch sengem Buch an dem DP-Wahlprogramm sinn dacks evident. An de Kapitelen iwwer d'Kannerbetreiung, zum Beispill, zitt den Auteur Lienen tëscht der Educatioun an deem anere groussen DP-Ressort vun der Familljepolitik.

Och dee faméise "Lëtzebuerger Modell", deen d'DP an de Wahlkampfrieden ëmmer nees uschwätzt, gëtt am Buch erwäänt. Datt d'Buch op Lëtzebuergesch geschriwwen ass, passt an dee Modell a bei e Minister an eng Partei, där hire Wahlslogan "Zukunft op Lëtzebuergesch" ass.

Am Kapitel 23, "Eis Sprooch - eis Identitéit" geet de Claude Meisch, wat d'Sprooch ugeet, wäit iwwer de Beräich Educatioun eraus:

"D'Sprooch ass ee Stéck Heemecht, dat bei deem rapide gesellschaftleche Wandel, bei dem rasanten technologesche Fortschrëtt a bei der globaler Vernetzung vun der Ekonomie an der Kultur, de Mënschen Halt gëtt."

De Medie mécht den Educatiounsminister iwwregens de Virworf, si géifen ëmmer nëmmen de Konflikt an dat Negatiivt an der Educatioun sichen. An hätten zum Beispill de falschen Androck vermëttelt, datt hie bestänneg mat de Gewerkschafte streide géif. Dobäi wier den "Bildungskrich" elo "iwwerwonnen", esou de Claude Meisch.

Um Enn vum Buch mécht hien nach en Appell, fir e Lëtzebuerger Bildungsdësch mat engem parteiiwwergräifende Konsens ze schafen. Sou wéi an der Bautepolitik, kéint een, iwwer eng Motioun an der Chamber, och fir d'Educatioun déi grouss Linne fir e puer Legislaturperioden ofsécheren. Wéi de Claude Meisch schreift, fir datt eng Kontinuitéit garantéiert bleift. Och bei engem politesche Wiessel.