Tëscht Kartongskëschten, Paletten a Clarken huet d'Luxair hir Resultater vun zejoert virgestallt. Net fir originell ze wierken, mee fir d'Chifferen do ze presentéieren, wou en décke Batz vum Benefice erschafft gouf: am Cargo-Center um Findel, deem fënneft gréissten an Europa, duerch deen 2017 bal 940.000 Tonne Fracht transitéiert sinn. Dëst Joer gëtt d'Grenz vun der Millioun Tonn méiglecherweis geknackt. D'Aktivitéite vun der Luxair an deem Beräich - am Handling vun der Fracht - hunn zejoert duebel esou vill Benefice ofgeworf wéi 2016, nämlech eppes iwwer fënnef Milliounen Euro.
Luxair Tours, den Tour Operator, huet et fäerdeg bruecht, dat nach ze toppen: mat 7,2 Milliounen Euro Gewënn um Enn vum leschte Joer, dräimol souvill wéi zwielef Méint virdrun. Dat louch um wirtschaftlechen Opschwong. Et geet ville Leit besser, si hu méi Suen a sinn och bereet der méi auszeginn, fir an d'Vakanz, erkläert de Paul Helminger, de President vum Luxair-Verwaltungsrot.
Wichteg Destinatiounen erhuele sech
Eng Rei Destinatiounen, wéi d'Tierkei, Tunesien an Ägypten, déi an de leschte Joren aus geopoliteschen Ursaachen zesummegebrach waren, kéime lues a lues zeréck. Am Wanter proposéiert LuxairTours mat Ras Al Khaimah an den Arabeschen Emirater eng nei Destinatioun, a Marrakesch gëtt dann nees an de Programm geholl. A vum nächste Fréijoer u geet et och erëm op Marsa Alam an Ägypten. Den Adrien Ney, CEO a President vum Direktiounscomité bei der Luxair, gëtt zou, datt dat sensibel Destinatioune sinn. Wann een enzwousch e Risiko géif erkennen, da géif d'Luxair och net dohi fléien. "Dat ass klipp a kloer", seet den Adrien Ney. Scho "virun all Terrorismus-Problem" hätt een zu Charm-el-sheik opgehalen.
Entwécklung vu Kerosinpräisser problematesch
Et bleift, datt en terroristescht Attentat op enger touristescher Destinatioun fir d'Luxair en haarde Coup wier. Si huet d'Erfarung 2015 a 2016 an der arabescher Welt gemaach. Déi zweet grouss Gefor fir d'Geschäft vun der ganzer Gesellschaft, net just vun hirem Tour-Operator, ass de Präis vum Kerosin, deen dem Adrien Ney Suerge mécht. Wann d'Präisser um Weltmarché sou héich géife bleiwe wéi aktuell, da géifen och d'Fluchpräisser eropgoen, och fir Lowcost-Airlines a fir de Cargo. "A wann ech e Produzent sinn, a mäi Cargo gëtt ze vill deier mam Fliger, da ginn ech och vläicht op d'Schëff", seet den Adrian Ney.
Airline weider defizitär
D'Airline-Geschäft, also de Passagéier-Transport, war och 2017 nees defizitär - awer manner wéi d'Joer virdrun: de Minus louch um Enn bei 6,3 Milliounen Euro (géint 8,8 nach d'Joer virdrun). Déi Responsabel vun der Luxair dreemen net vun enger schwaarzer Null, si gleewen awer drun, d'Perte och dëst Joer nach eemol reduzéiert ze kréien - trotz der Konkurrenz vun de Bëlleg-Airlines.
Eng Méiglechkeet wier, datt een eng Destinatioun méi dacks géif ufléien. "Wann eng Bëllegfluchlinn eemol am Dag op Mailand flitt, da fléie mir véiermol. Deen Niveau de Service kéinte Low-Cost-Carrieren net ubidden, well dës an der Regel mat méi grousse Fligere fléie géifen." Low-Cost-Airlines wieren dofir méi drop ugewisen, fir hir Fligere voll ze besetzen.
Neie Fliger
Am Laf vum Joer stinn och wichteg Decisiounen un, wat d'Erneierung vun der Luxair-Flott ubelaangt. Een Deel vun de Bombardier Q400 soll ersat ginn. Bei engem Präis vun 30 a 40 Milliounen d'Stéck ass dat keng einfach Decisioun, et soll awer virun Enn des Joers eng geholl ginn. Eng aner Decisioun ass scho gefall. D'Luxair kritt eng zousätzlech Boeing 737 - si ass op der Sich no enger gudder Occasioun, d'Airline a Luxair-Tours solle sech déi Maschinn deelen.