Nei Konventioun Staatlech Ënnerstëtzung fir RTL geet an d'Luucht
RTL soll eng méi grouss finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kréien, fir seng Lëtzebuerger Medienoffer ze realiséieren. Dat huet den DP-Staats- a Medieminister Xavier Bettel um Dënschdeg der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert. Eng nei Konventioun soll bis Enn des Joers ënnerschriwwe ginn a géif fir den Zäitraum vun 2024 bis 2030 gëllen. Nei wier hei ënner anerem, datt nieft der Tëlee och RTL Radio eng "Mission de Service Public" géif kréien.
D'Ausriichtung vun deem ëffentlechen Optrag, déi an der Kontinuitéit vun der aktueller Konventioun ass, wier ze begréissen, seet déi gréng Deputéiert Djuna Bernard:
"Als Presidentin vun der Kulturkommissioun begréissen ech, datt d'Roll vun RTL als Incubateur fir d'Kultur mat eng Plaz an der Konventioun soll fannen, och de Volet vun der Education aux médias, genauso wéi ee qualitativ héichwäertege Kannerprogramm."
Et gëtt geschat, datt déi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat vun elo zéng Milliounen op ronn 15 Milliounen Euro d'Joer kéint klammen. Eng aner Recette ass déi aus der Werbung, déi an den RTL-Programmer erlaabt soll bleiwen. RTL selwer géif den Ament all Joers eng fënnef Milliounen Euro a säi Lëtzebuerger Programm investéieren - dozou wier de Grupp awer an Zukunft net méi bereet, seet d'CSV-Deputéiert Diane Adehm:
"Dofir huet de Medieminister eis gesot, datt an Zukunft déi Contrepartie, déi de Lëtzebuerger Staat wäert bezuele wesentlech méi héich wäert ginn an datt mir och ee Finanzéierungsgesetz wäerte maachen, well mir iwwer de Sockelbetrag vu 40 Millioune wäerten eraus goen, wat de Sockelbetrag ass, wou ee muss ee Finanzéierungsgesetz maachen."
Den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement, stellt dann d'Fro, ob eng Ausschreiwung néideg ass - an ob een hei am Beräich vun enger Staatshëllef wier.
"De Wee, wéi jo finanzéiert gëtt, iwwer een Iwwerhuele vun enger Perte ass zumindest speziell. An do stellt sech dann d'Fro iwwer d'Plangbarkeet vun deenen Depensë fir de Staatsbudget engersäits an anerersäits natierlech och, ob mir hei net wierklech a Kontradiktioun mat europäeschem Recht sinn."
Vum Staatsministère heescht et dozou op Nofro hin, datt d'Froen iwwer den europäesche Kader vum Service Public an d'Konformitéit zu den EU-Reegelen nach gepréift ginn.
De Privatsender RTL kritt zënter dësem Joer vum Staat eng direkt Subventioun als Géigepartie fir verschidde staatlech Opträg.
