Well Russland d'Gas-Liwwerunge an Europa staark reduzéiert huet, waren d'EU Memberstaate sech Enn Juli eens ginn. Vum 1. August u bis Mäerz d'nächst Joer soll all EU-Memberstaat op fräiwëlleger Basis 15 Prozent manner Gas verbrauchen. Verschidden EU Länner, wéi Spuenien, hu scho konkreet Mesuren annoncéiert. Lëtzebuerg bis elo nach net - d'Detailer sollen am September virgestallt ginn. Den Energieminister Claude Turmes gëtt am 100,7 Interview awer elo méi konkreet Detailer. Beim Hëtzen zum Beispill - do kruten d'Gemengen an enger Circulaire matgedeelt, datt se net méi sollen hëtzen, wéi néideg.
"D'Virgab gëtt do d'ITM (Inspection du Travail et des Mines), an dat ass eng Orientéierungstemperatur vun 20 Grad, an all deene Gebaier wou normal geschafft gëtt. Mat, natierlech, Ausnamen, zum Beispill Strukture fir eeler Leit, do kann ee natierlech Ausname maachen."
Turmes: Sou vill wéi méiglech Stroum a Gas aspueren
Och d'Ministèrë kréien dës maximal Temperatur vun 20 Grad recommandéiert. Dës an aner Energie-Spuermesure beim Staat sollen awer nach an engem Regierungsrot den zweete September finaliséiert ginn. Och bei der Beliichtung, baussen a bannent ëffentleche Gebaier, soll gespuert ginn, sou den Energieminister Claude Turmes. D'Gemenge géfie gefrot ginn, fir sou wäit wéi méiglech op Beliichtung ze verzichten. Et géif net just drëms goen, fir Gas anzespueren, mee och fir sou mann wéi méiglech Stroum ze verbrauchen. "Da spuere mer indirekt Gas, well jo och Gaskraaftwierker lafen, fir Stroum ze produzéieren", sou de grénge Minister.
Regierung lancéiert am September eng Campagne fir Energie ze spueren
Zu Tréier gëtt dowéinst d'Beliichtung bei der Porta Nigra an anere Monumenter reduzéiert. D'Stad Lëtzebuerg huet bis elo nach keng sou Mesuren annoncéiert - si wäert Mëtt-September doriwwer informéieren, krute mir op Nofro hin schrëftlech matgedeelt. Wat d'Betriber an d'Industrie ugeet, seet de Claude Turmes, d'Regierung géife weider mat hinne kucken, d'Betriber selwer kënnen aspueren, a wéi eng Betriber am absolutten Noutfall ganz missten ofgeschalt ginn. Dee soll Enn September op Bréissel geschéckt ginn. De September lancéiert d'Regierung och en national Campagne, fir doheem Energie ze spueren.