Radioen

On air

De Moien  |  Wild Beasts - Mecca

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsbudget: 2,5 Milliarden Euro fir d'Educatioun

Staatbudget 2019

Staatsbudget: 2,5 Milliarden Euro fir d'Educatioun

De Budget fir Educatioun, Enfance a Jeunesse soll dëst Joer ëm iwwer 13 Prozent op 2,5 Milliarden Euro klammen. Dee Chiffer geet aus dem Projet vum Staatsbudget 2019 ervir, dee gëschter deposéiert gouf.

auto_stories

2 min

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP)

Ee Grond fir dës Hausse ass de Bevëlkerungswuesstum, all Joer kommen iwwer 2.000 Schüler bei. Dat wier awer net deen eenzege Grond, erkläert de Claude Meisch. Et géifen och technesch Ursaachen, well den Educatiounsministère weider Zoustännegkeeten a Kompetenze bäikritt hätt, notamment d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an de Museksunterrecht. Deen Zouwuess wier awer och op d'Decisiounen zeréckzeféieren, déi den Educatiounsministère déi lescht Jore geholl hätt, an déi elo géifen ëmgesat ginn, zum Beispill am Beräich vun der Inklusioun, also dem Encadrement vu Kanner mat extra Besoinen.

Fir dësen Aufgabe gerecht ze ginn ass de gréissten Deel vun den neie Posten - 525 vun 950 Posten - déi dëst Joer beim Staat geschaaft ginn, un edukatiivt Personal gaangen. Dee gréissten Defi wier et, dem Educatiounsminister no, iwwerhaapt qualifizéiert Personal ze fannen. Et géif ee sech dobäi op Personal beschränken, dat an der Reegel déi dräi Amtssprooche kann, an dat an der Reegel zu Lëtzebuerg opgewuess ass an hei hir Schoul gemaach hunn. "Stellt Iech emol vir, d'Spideeler oder am Privatsecteur missten Entreprisen esou fonctionnéieren: Da wier do scho ganz laang vill zesummegebrach", sou de Claude Meisch.

Nieft dem Personal ass och de Budget fir gratis Laptoppe respektiv Tablette fir Lycéesschüler eropgaangen a beleeft sech 2019 op ronn 2,5 Milliounen Euro. An Zukunft wäert dëse Budget weider klammen. "Mir hu virgesinn iwwer déi nächst Joren all kéiers eng ähnlech déck Zuel vun neien Tabletten an d'Schoulen ze bréngen. Dat wieren der dann nach eng Kéier ongeféier 7.000."

D'Uni Lëtzebuerg kritt 194 Milliounen Euro, zéng Millioune méi, wéi virun engem Joer geplangt. Grond dofir wier ënner anerem den Ausbau vum Medezinstudium, esou nach de Claude Meisch.