Space Mining Staatsrot: Keng formell Oppositioune méi

Nodeems d'Regierung eng Partie Ännerungen um "Space Mining" Text gemaach huet, gëtt de Staatsrot gréng Luucht. Den internationalen Interessi um Projet wier grouss, seet de Gesetzrapporter Franz Fayot.

Paule Rodesch / fk

Asteroiden
Asteroiden (Foto: Bigstock / klss)

De Staatsrot hat a sengem éischten Avis nieft formellen Oppositiounen och eng Partie prinzipiell Bedenke formuléiert. Ënnert anerem gouf d'Fro opgeworf, op ee Land iwwerhaapt kéint, no internationalem Recht, en Urecht op Weltraum-Ressourcë geltend maachen.

De Rapporter vum Gesetzprojet iwwert de sougenannte "Space Mining", de Franz Fayot, gesäit doranner awer keng gréisser Schwieregkeet. Lëtzebuerg wier net dat éischt Land, dat esou en Text géif ausschaffen. "Amerika huet virun net all ze laanger Zäit en Text gemaach, deen op enger ähnlecher legaler Basis funktionéiert."

Groussen internationalen Interessi

Den 13. Juli ass de Gesetztext iwwert Space Mining viraussiichtlech fir de Vote an der Chamber. D'Attente vu baussen ass immens héich, dofir gouf och Drock gemaach, fir esou séier wéi méiglech iwwert d'Gesetz ofzestëmmen, sou de Franz Fayot.

"Et ass e ganz groussen Interessi vun internationalen Acteuren, vu Start-Up'en an dem Beräich a vu Wëssenschaftler fir de Standuert Lëtzebuerg do. Dofir ass et extrem wichteg, datt déi Opportunitéit genotzt gëtt. Dofir muss deen Text schnell approuvéiert ginn."

200 Milliounen Euro si bis ewell als Enveloppe vum Staat virgesinn. Déi ganz Envergure vum Projet Space Mining kéint een awer nach net viraussoen.

"Keng Garantie, wann een esou eppes mécht"

Et géing ee sech hei op engem komplett neien Terrain bewegen. Déi eenzeg Referenz, déi een hätt, wier d'Beispill vum Lëtzebuerger Satellitte-Bedreiwer SES, mengt den LSAP Deputéierte Franz Fayot.

"Do ass och deemools gesot ginn, dat wier e verréckte Projet. Datt et méiglecherweis e Faass ouni Buedem wier. Et ass awer schlussendlech e risege Succès gi fir eist Land. Et huet een ni eng Garantie, wann een esou eppes mécht. Mä mir hunn awer eng ganz Rei Acteuren, déi un der Spëtzt si vun hirem Fach, an elo scho groussen Interêt zu Lëtzebuerg umellen. An elo scho prett sinn, sech hei nidderzeloossen. Sou datt de ganze Projet awer ënner engem relativ gudde Stär steet."

Esou ee Projet misst een op laang Dauer gesinn, esou de Franz Fayot. Et kéint Joren daueren, bis een éischt Resultater géif gesinn. Mä wann een d'Chance hätt, fir esou fréi an eng nei Industrie eranzeklammen, déi esou e Potential géing weisen, da misst een déi notzen.

Bäitrag Space Mining

Méi zum Thema

Houston, Tx/usa - Circa July 2013: Astronauts In Space Suits In Lyndon B. Johnson Space Center, Hous
Spaceresources

Déi international Promotioun vu spaceresources.lu ass e Succès. D'Ekonomie vun de Weltall-Ressourcë muss sech nach entwéckelen.

International Space Station and astronaut in outer space over the planet Earth. Elements of this ima
Spaceresources

Den Interessi vun amerikaneschen Entreprisen um "Spaceremining"-Projet ass grouss. Lëtzebuerg huet sech als éischt europäescht Land positionéiert, dat de Secteur zu enger Wirtschaftsnich wëll entwéckelen.

Astronaut.jpg
Spaceressources

Op Wirtschaftsmissioun op der US-Westküst wëll de Wirtschaftsminister Lëtzebuerg an der Weltallwirtschaft positionéieren. An dat trotz juristeschen Onsécherheeten.

Chris Lewicki & Etienne Schneider
Space Mining

De kriteschen Avis vum Staatsrot zum Gesetzprojet iwwer d'Exploitatioun vu Weltall-Ressourcen ännert näischt un der Lëtzebuerger Initiativ, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen