Well a Verfassungsfroen eng zwee Drëttel-Majoritéit néideg ass, hunn déi aner Fraktiounen dem Drock vun der CSV op deem Punkt noginn.
Déi gréisst Oppositiounspartei wollt am finalen Text keng Onofhängegkeets-Formulatioun fir de Parquet méi matdroen.
D'Argumentatioun vum Conseil d'État zu deem Punkt zitt sech iwwer 14 Säiten, also gutt zwee Drëttel vun deem 22 Säite staarken Avis.
Op eng Opposition formelle verzicht en, well dat Instrument am Fall vun der Constitutioun souwisou net spillt: iwwer Verfassungsännerunge muss egal wéi zweemol am Parlament ofgestëmmt ginn.