Radioen

On air

Notturno  |  Jarvis Cocker & Chilly Gonzales - Room 29

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsrot huet prinzipiell Bedenken

Space Mining

Staatsrot huet prinzipiell Bedenken

De kriteschen Avis vum Staatsrot zum Gesetzprojet iwwer d'Exploitatioun vu Weltall-Ressourcen ännert näischt un der Lëtzebuerger Initiativ, seet de Wirtschaftsminister. Den Etienne Schneider ass aktuell mat enger Wirtschaftsdelegatioun an den USA, fir de Lëtzebuerger "Space-Mining"-Projet virunzebréngen.

auto_stories

4 min

Fir Betriber, déi am Beräich vum "Space-Mining" aktiv sinn, wëll Lëtzebuerg sech als attraktive Standuert positionéieren. Dofir ass ee legale Kader an der Maach, dee Lëtzebuerg als éischt europäescht Land wëll aféieren.

A sengem Avis iwwert den deementspriechende Gesetzprojet äussert de Staatsrot awer prinzipiell Bedenken. Esou wéi d'Gesetz den Ament formuléiert ass, kéint et keng juristesch Sécherheet garantéiere fir Betriber, déi Ressourcen op Asteroiden oder aneren Himmelskierpere wëllen ofbauen. De Staatsrot ass net averstane mat der Interpretatioun, déi d'Regierung vum internationale Recht proposéiert.

Keng juristesch Garantië

Am UN-Weltraum-Traité vun 1979 géif et zwar effektiv keen explizite Verbuet ginn, fir zu kommerziellen Zwecker Weltall-Ressourcen ofzebauen - mä indirekt kéint een dat aus deem Accord erausliesen. Verbueden ass nämlech en "nationaalt Uneegne" vun Himmelskierper. Eng privat Entreprise, déi Ressourcen am Weltall wëll ofbauen, fir se ze kommerzialiséieren, ass ugewisen op eng Autorisatioun, déi se vun engem Staat krut. Dee Staat misst deemno seng Souveränitéit revendiquéieren, fir déi Aktivitéit kënnen z'autoriséieren.

Fir de Staatsrot ass domadder kloer, datt de Grand-Duché kengem Betrib hei déi néideg juristesch Garantië ka ginn, fir Ressourcen am Weltall souzesoen ënner Lëtzebuerger Fändel z'exploitéieren. Just eng Präzisioun am Weltraum-Traité kéint déi néideg juristesch Sécherheet garantéieren, gëtt ee Spezialist vum Weltraumrecht am Avis zitéiert.

Effektiv hätten d'USA schonn zënter November 2015 ee Gesetz iwwer d'Exploitatioun vu Weltallressourcen. Fir de Staatsrot ass dat awer keen Argument, datt dat internationaalt Recht dowéinst vu Lëtzebuerg kéint ignoréiert ginn.

Fro vu Responsabilitéit

De Staatsrot verweist och op ganz Rei praktesch Problemer, déi déi juristesch Onsécherheet besonnesch fir ee klengt Land kéint mat sech bréngen: Well woumatter kéint ee garantéieren, datt aner Länner déi Lëtzebuerger Gesetzgebung respektéieren? Ëmmerhin kéinten d'Betriber, déi vu Lëtzebuerg eng Autorisatioun fir d'Exploitatioun vu Weltallressourcen hunn, hir Rakéiten net vum Lëtzebuerger Territoire aus starten - a si kéinten och net hei nees landen. Aner Länner kéinten déi op engem Asteroid gesammelt Ressourcen deemno konfiskéieren.

Da ginn et och international Traitéen, déi virgesinn, datt d'Staaten d'Responsabilitéit droen, wann hir Aktivitéiten am Weltraum ee Schued provozéieren. Och do stellt sech d'Fro, ob a wéi Lëtzebuerg déi Responsabilitéit kéint droen: Eng Fro, déi am Gesetzprojet net géif abordéiert ginn, esou de Constat vum Staatsrot.

Zousätzlech zu dëse grondsätzleche Bedenke formuléiert de Staatsrot zwielef formell Oppositiounen zu konkreten Dispositiounen am Gesetzprojet.

Kee Grond opzehalen

Den zoustännege lëtzebuergesche Minister gesäit doranner awer kee Grond, d'Aktivitéiten am Weltraum net weider ze verfollegen. Effektiv géif eng international Reglementatioun feelen, seet den zoustännege Minister Etienne Schneider. "Mä et gi vill Gesetzer, déi zu Lëtzebuerg gemaach ginn, fir déi et keng international juristesch Basis gëtt." Als souveräne Staat kéint Lëtzebuerg trotzdem legiferéieren.

De Wirtschaftsminister gesäit am lëtzebuergesche "Space-Mining"-Virstouss och eng Méiglechkeet, dat internationaalt Recht unzepassen. "Mir hu schonn eng Rei Demarchen ënnerholl, fir nei Legislatiounen anzeféieren, sief et op internationalem Niveau, bei de Vereente Natiounen oder um Niveau vun aneren internationalen Institutiounen."

Vill Interessi

Et géif och eng Rei Länner ginn, déi um "Space-Mining"-Projet wéilte matschaffen, sou den Etienne Schneider. Bei der Visite vum portugisesche Premier António Costa lescht Woch zu Lëtzebuerg hätt Portugal Interessi gewisen. Och Däitschland a Frankräich wieren interesséiert. "Mir sinn och a Gespréicher mat den Arabeschen Emiraten a Japan", seet de Wirtschaftsminister.

D'Iddi wier, all déi Länner, déi wéilte matschaffen, un een Dësch ze bréngen. Och am Hibléck op déi héich Fraise vun enger Weltraummissioun wier et däitlech méi interessant mat Partner zesummenzeschaffen, sou den Etienne Schneider. "Mir maachen d'Dier op a reechen dann jidderengem d'Hand, dee mat eis a Kooperatioun wëll no vir kucken."

Pressekonferenz vum Etienne Schneider zu San Franciscoplay_arrow