Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsvisitt a Portugal

International Relatiounen

Staatsvisitt a Portugal

Haut ass et den Optakt vun enger zwee Deeg laanger Staatsvisitt a Portugal. No 12 Joer ass déi groussherzoglech Koppel fir d'éischte Kéier nees, mat enger grousser Delegatioun, an offizieller Missioun zu Lissabon. Do gëtt si de Moie vum Staatspresident Marcelo Rebelo de Sousa empfaangen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


Den offiziellen Empfang vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse ass de Moie virum Hieronymiteklouschter, op der Praça do Imperio, mat militäreschen Eieren, den zwou Nationalhymnen an 21 Kanouneschëss.

De Groussherzog Henri kritt am Kader vun dëser Staatsvisitt och en Éierendoktertitel vun der neier Universitéit vu Lissabon iwwerreecht.

Mat derbäi op dëser Staatsvisitt sinn och den Ausseminister Jean Asselborn, d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen, de Wirtschaftsminister Franz Fayot an d'Finanzministesch Yuriko Backes.

Si hunn haut a muer eng ganz Rëtsch Rendezvousen, ënner anerem mat portugisesche Regierungsvertrieder oder Acteuren aus der Wirtschaft.

Kultur- a Wirtschaftsmissioun

Am Mëttelpunkt wäert hei ënnert anerem de Volet Integratioun stoen. Iwwer 94.000 portugisesch Staatsbierger liewen a schaffen aktuell am Grand-Duché, déi gréissten net-lëtzebuergesch Communautéit am Land.

Parallel zum offiziellen Deel vun der Staatsvisitt lafen och nach eng Kulturmissioun an eng Wirtschaftsmissioun, mat engem Start-Up-Event haut, a muer sektorielle Seminären an de Beräicher digital Ekonomie, Weltraumsecteur, nohalteg Constructioun, souwéi Tourismus.

Hei sinn ënner anerem de President vun der Handelskummer, Luc Frieden, an den Direkter vun der Handwierkerkummer, Tom Wirion an 51 Lëtzebuerger Betriber mat derbäi.