Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stad Lëtzebuerg: Budgetsdefizit manner grouss wéi virgesinn

Gemengerot

Stad Lëtzebuerg: Budgetsdefizit manner grouss wéi virgesinn

D'Stad Lëtzebuerg schléisst dëst Joer mat engem méi nidderegen Budgetsdefizit of wéi virgesinn. Et war een Defizit vu bal 130 Milliounen Euro virgesinn, schlussendlech wieren et just eng 40 Milliounen, esou d'Budgetsrapportrice Sylvia Camarda am Gemengerot. Fir d'nächst Joer ass een Defizit vun 20 Milliounen Euro virgesinn. De Laurent Mosar schwätzt vun engem virsiichtege Budget.

auto_stories

2 min

Foto: Laura Poggi & Yves Stephany (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


De gréisse Käschtepunkt ass am Budget d'nächst Joer - wéi schonn dëst Joer - fir d'Personal virgesinn. Dat mat ronn 427 Milliounen Euro. Beim ëffentlechen Transport sinn 144 Milliounen am Budget virgesinn.

Déi nächst Jore kéint dee Montant weider an d 'Luucht goe schätzt de Laurent Mosar: wéinst der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport géif ee keng Recettë méi rakréien.

"Mir hunn déi Gratuitéit och ni vum Staat kompenséiert kritt. Mir kréie wuel eng Rei vun RGTR-Buslinne bezuelt, mee déi Gratuitéit selwer krute mir ni kompenséiert."

Sozialausgabe gi bal verduebelt

Zu de weideren Depensen, déi an den nächste Jore klamme wäerten, zielt de Finanzschäffen déi sozialen Ausgabe vun der Stad Lëtzebuerg.

Do hätt sech de Montant an zwee Joer quasi verduebelt: vu ronn 11 Milliounen d'lescht Joer op bal 21 Milliounen d'nächst Joer, seet de Laurent Mosar.

De Schäffen an Deputéierte Laurent Mosar léisst deemno d'Kritik net gëllen, datt d'Stad Lëtzebuerg am soziale Beräich net genuch géif maachen: et wier soss kee Budgetsposte quasi verduebelt ginn.

Stad Lëtzebuerg wëllt weider Terraine kafen

An déi Depensë géifen iwwer déi nächst Joer weider an d'Luucht goen, seet de Laurent Mosar. Wat d'Aquistiounspolitik vun der Stad Lëtzebuerg ugeet, sou sinn am Budget dat nächst Joer 30 Milliounen Euro virgesi fir Terrainen a Gebaier ze kafen.

Déi Terraine wiere "batter noutwenneg" fir déi ëffentlech Infrastrukturen, mee och fir de Wunnengsbau a fir d'Réserve foncière. D'Gemeng Lëtzebuerg wier sech bewosst wéi schwéier et wier fir iwwerhaapt un Terrainen ze kommen, seet de Laurent Mosar.

De Budgetsprojet vum Schäfferot gëtt de Freiden am Gemengerot debattéiert an haut an enger Woch gëtt driwwer ofgestëmmt.