Radioen

On air

Notturno  |  Dawn Chorus And The Infallible Sea - Rêveries

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stad Lëtzebuerg: Kontrakt mat privater Sécherheetsfirma gëtt net verlängert

Sécherheet

Stad Lëtzebuerg: Kontrakt mat privater Sécherheetsfirma gëtt net verlängert

Nom 15. November patrulléieren 100,7-Informatiounen no keng privat Sécherheetsagente méi op der Gare an zu Bouneweg. De Stater DP-CSV-Schäfferot schléisst eng nei Ausschreiwung awer net definitiv aus.

auto_stories

2 min

Ganzen Interview mam Serge WIlmesplay_arrow


D'Stad Lëtzebuerg huet decidéiert den ëmstriddene Kontrakt mat der Sécherheetsfirma net ze verlängeren. Dat huet den éischte Schäffen, Serge Wilmes eis op Nofro hi confirméiert.

De Schäfferot hätt decidéiert fir eng Biergerversammlung z'organiséieren, a wéilt doropshin iwwert seng weider Demarche entscheeden, erkläert den CSV-Schäffen. De Serge Wilmes seet, an där Versammlung kéinten d'Leit, déi an de concernéierte Quartiere liewen oder schaffen, hir Meenung äusseren. Zum Beispill zur Fro, ob d'Police elo effektiv méi present wier, sou wéi et vun der Regierung an Aussiicht gestallt gouf.

Iwwerdeems hätt d'Regierung ee Mesurëpak annoncéiert, fir d'Sécherheet - och am Kontext vun der Drogekriminalitéit - ze verbesseren. Och dowéinst hätt de Schäfferot elo decidéiert, fir eng "konstruktiv Approche" ze huelen, an de Kontrakt mat der Sécherheetsfirma net einfach ze verlängeren.

"Gemëschten" Erfarung mat G4S

Bei der Decisioun wier den Tëschefall vun Ufank September, wou een Hond vun der Sécherheetsfirma eng Persoun gebass huet, "een Element, mee net d'Haaptelement" gewiescht, esou de Serge Wilmes.

Zur Fro, ob de Schäfferot fir de Recht zefridde mat der Aarbecht vun der Sécherheetsfirma G4S war, seet den CSV-Schäffen: "Ech mengen, d'Erfarung ass wéi ëmmer eng gemëschte gewiescht. Et si gutt Saachen a manner gutt Saachen do gewiescht." Zum Beispill hätten d'Sécherheetsagente sech uganks net duerch ee Gilet gutt erkenntlech gemaach.

Weideren Zäitplang nach net kloer

Nach gëtt et dem Serge Wilmes no keen Datum fir déi geplangten Biergerversammlung. Idealerweis soll déi Reunioun nach dëst Joer aberuff ginn. Déi Gemengeresponsabel hätte gär, datt do och déi concernéiert Regierungsmembere solle present sinn.

De Stater DP-CSV-Schäfferot schléisst dann net aus, datt et doropshin awer nees zu enger neier Ausschreiwung kéint kommen. Bei där Decisioun géif et net ëm prinzipiell oder juristesch Froe goen, mee ëm d'Meenung vun de Leit, sou den éischte Schäffen: "Dowéinst kucke mir, wat déi Reunioun wäert bréngen. Mir sinn iwwerzeegt, datt mir hei richteg gehandelt hunn, och legal gesinn."