Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sondéierungsgespréicher an der Stad wäerte spannend ginn

Gemengewalen

Sondéierungsgespréicher an der Stad wäerte spannend ginn

An der Stad Lëtzebuerg gouf et déi lescht sechs Joer eng DP-CSV-Koalitioun. Déi zwielef Joer virdrun eng DP-Gréng Koalitioun. Ee vun den Enjeuen ass och dës Kéier nees, wéi eng Koalitioun nom 11. Juni wäert méiglech sinn, a wéi eng Partei de Buergermeeschterposte kritt. Déi Fro ass nämlech des Kéier méi relevant wéi bei fréiere Walen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Geet et änlech wéi 2017 da si Koalitiounen zu zwee oder zu dräi méiglech. Wat et awer dës Kéier méi spannend mécht, ass, datt déi dräi stäerkst Parteie vun 2017 dës Kéier mat der Ambitioun an d'Wale ginn de Buergermeeschterposten ze kréien. D'CSV an déi gréng attackéieren d'DP also méi offensiv: d'DP huet dee Posten an der Stad nämlech zënter 54 Joer fest an der Hand.

Natierlech muss ee fir d'éischt ofwaarden, ob d'Kräfteverhältnisser änlech bleiwe wéi 2017. Viru sechs Joer krut d'DP an der Stad néng vu 27 Sëtz, hannendru koumen d'CSV mat siwe Sëtz, déi gréng mat fënnef Sëtz an d'LSAP mat dräi Sëtz. 9-7-5-3--- wann dat sou bleift, kann ee sech op den éischte Bléck schwéier virstellen, datt d'DP net nees de Buergermeeschter oder d'Buergermeeschtesch stellt.

Fir de Serge Wilmes stinn d'Chancen net schlecht

Mee op den zweete Bléck ass d'Fro awer méi komplex: Fir déi gréng gëtt et wuel ganz schwéier, fir um Walowend en Usproch op de Buergermeeschterposten z'erhiewen, ausser si géifen e Bommescore maachen. Fir de Serge Wilmes stinn d'Kaarten awer guer net sou schlecht: d'CSV brauch just ee Sëtz dobäi ze gewannen an d'DP een ze verléieren, dann hu se allebéid aacht Mandater, an da kënnen Dynamiken entstoen. Wann déi gréng an d'LSAP der CSV da géifen eng Koalitioun mat un der Spëtzt dem Buergermeeschterposten ubidden, kéint d'DP souguer als stäerkst Partei an d'Oppositioun rutschen. Méi Sourcen aus méi Parteien hunn eis gesot, datt een deen Zenario jee no Walresultat net ausschléisse kéint. Genee sou kéint et dann och passéieren, datt d'DP dem CSV-Politiker Serge Wilmes de Buergermeeschterposten offréiert, wann d'CSV zouleet, nëmme fir net ausgeschloss ze ginn. Sécher ass: An der Stad wäert net just d'Walresultat spannend ginn, mee och d'Sondéierungsgespréicher hannendrun.