Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gi Grënn, sech Suergen ze maachen"

Mënscherechter

"Et gi Grënn, sech Suergen ze maachen"

De Respekt vun de Mënscherechter ass weltwäit a Gefor, seet den Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg. De Stan Brabant warnt och virun ze repressiven Anti-Terror-Gesetzer zu Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

Wat een den Ament op de Philippinen, oder an der Tierkei, mee och an Europa an an den USA kann observéieren, ass eng 'Diaboliséierng vum aneren: de Muslim, de Flüchtling, d'Fraen, d'LGBTI an all Persounen, déi ee bëssi anescht sinn." Et wier nach schwiereg fir déi konkret Konsequenzen op eisen Alldag ze cernéieren, "mee dësen Discours mécht Angscht".

Wann national Egoismen nees an der Virdergrond réckelen, da géif dorënner déi international Cooperatioun leiden, esou de Stan Brabant. Betraff wieren dann och déi international Regelen, Rechter an Normen, déi nom Zweete Weltkrich geschafe goufen, notamment d'Deklaratioun vun de Mënscherechter.

Paradigmewiessel an den USA

Déi aktuell Entwécklunge féieren derzou, datt Amnesty seng Opmierksamkeet méi staark op d'USA an Europa riicht. D'Mënscherechtsorganisatioun hätt och de fréieren US-President Barack Obama dacks kritiséiert, mee fir de Stan Brabant ass ee mam Donald Trump an engem "anere Paradigma".

Et kéint ee gesinn, wéi dem Donald Trump säin Discours vun Haass aus der Wahlkampagne elo och effektiv ëmgesat gëtt. Do géif sech d'Fro stellen, ob d'Institutiounen an engem Rechtsstaat sech dogéint kéinte stellen.

D'EU an d'Mënscherechter

Kann een d'EU d'Mënscherechter dann nach credibel verdeedegen? "Jo an Neen", äntwert de Stan Brabant. D'Europäesch Unioun géif op de Mënscherechter baséieren. Mä ëmmer méi europäesch Politiker géifen de Respekt vun dëse Rechter a Fro stellen, dorënner déi britesch Premierministesch Theresa May oder den ungaresche Premier Victor Orban.

Den Accord vun der EU mat der Tierkei iwwer d'Flüchtlingen nennt de Stan Brabant "eng Katastroph". Dësen Accord géif et erlaben, fir Mënschen nees zréck an een onséchert Land ze schécken, obwuel se dem internationale Recht no Usproch op ee Flüchtlingsstatut hunn. Den Direkter vun Amnesty Lëtzebuerg kritiséiert och, datt dëse Modell elo och mat Länner wéi Libyen a Sudan ëmgesat ginn.

"Extrem beonrouegend" wier och, datt a Frankräich, Däitschland, Holland oder Groussbritannien een Discours vum Haass sech géif verbreeden. An dat hätt deels och konkret Konsequenzen: De Stan Brabant nennt d'Beispill vun der Camapgne virum Brexit-Referendum a Groussbritannien während där mat der Labour-Deputéiert Jo Cox eng Mënscherechtsaktivistin ëmbruecht gouf.

Lëtzebuerger Flüchtlingspolitik

Lëtzebuerg géif an der Flüchtlingspolitik vill Efforte maachen, betount de Stan Brabant. Problematesch wier awer, datt och Mannerjäreger elo méi laang am Centre de Rétention kënnen agespaart ginn.

Amnesty fuerdert d'Regierung iwwerdeems derzou op, den EU-Tierkei-Accord an der Flüchtlingspolitik ofzelehnen.

Etat d'Urgence

Am neie Joresrapport vun Amnesty International ass ee Kapital iwwer den Etat d'Urgence a Frankräich. Den Ausnahmezoustand wier mëttlerweil véier Mol verlängert ginn. An déi speziell Mesuren, déi d'Regierung ergräift, géifen zu enger disproportionéierter Erosioun vun de Grondrechter féieren. Zum Beispill wieren et 4000 Perquisitiounen bei Leit doheem ginn, ouni Justizdecisioun.

Den Etat d'Urgence soll och an déi Lëtzebuerger Verfassung ageschriwwe ginn. Fir de Stan Brabant ass et ee grondsätzleche Problem, datt Terrorismus een immens vage Begrëff wier. Anti-Terror-Gesetzer kéinte séier abuséiert gi, wa se kee ganz präzise Kader setzen.

Iwwerall an Europa - an och zu Lëtzebuerg - géifen d'Anti-Terror Gesetzer verschäerft ginn. "Europa ass - ee bëssi wéi d'USA nom 11. September 2001 - am Gaangen iwwer ze reagéieren."