Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Start vun der Wanteraktioun dës Woch

Wanteraktioun

Start vun der Wanteraktioun dës Woch

Dës Woch huet d'Wanteraktioun hiren offizielle Start gefeiert - och wa se wéinst der Corona-Pandemie an der Mesure vum Couvre-feu dëst Joer eigentlech schonn am November ugelaf ass. Leit ouni Daach iwwer dem Kapp kréien hei um Site um Findel gehollef. Ee Reportage vum Isabel Scott.

auto_stories

4 min

"Ech hunn d'Strooss gesinn. Ech war zu Esch kucken, wéi et op der Strooss war, zu Hamburg hunn ech gesinn, wéi et op der Strooss war. Ech mengen hei ass et nach Luxus. Wann ech op Hamburg ginn a gesinn, wéi d'Leit sinn, ass dat scho ganz krass. Ech hu meng Aarbecht verluer, et ass wouer. Ech hat Problemer mat mengen Elteren, dat ass och wouer. Meng Eltere hu gesot, entweder du méchs eppes mat dengem Liewen, oder du kënns net méi bei eis eran. Ech hat keen aner Choix. Ech mengen ech war 17 Joer."

De jonke Mann, ëm déi 20 Joer al, huet grad säi Mëttesiesse kritt. Dëser Deeg wäerten am Ganzen eng 80 Persounen ouni Doheem een Iessen op de Findel siche kommen.Vläicht si si mat enger Navett komm, déi vun der Stater Gare aus bis an d'Neiduerfer Strooss um Rand vun engem Bësch fiert. Do geréieren d'Croix Rouge, d'Caritas an Inter-Actions d'Wanteraktioun, och Wak vun de Sozialaarbechter genannt.

Mëttegiessen

Eng Wanteraktioun ënner exzeptionelle Bedingungen

D'Formule vun der Wanteraktioun ass à première vue simpel: e waarmt Mëttesiessen, owes ee Sandwich, Dusch,Toilette an Dortoiren Dräimol an der Woch ass eng Permanence médicale. Dëst Joer nei dobäikomm sinn déi mëttlerweil gewinnte sanitär Mesurë vu Mask a Social Distancing. D'Pandemie stellt Leit ouni Domicile viru besonnesch Erausfuerderungen. Ufanks des Joers war et net evident de Service ënner deenen exzeptionelle Bedingungen ze assuréieren, erënnert sech d'Catia Gomes, Coordinatrice vun der Wanteraktioun bei Inter-Actions:

"D'lescht Wak war et e bëssen à l'improviste, e bëssen à la dernière minute: wéi maachen mir et? Bleiwe mir nach op, maache mir zou? Do hu mer gewaart, wat d'Regierung seet, fir do kënnen eng Decisioun ze huelen."

Diana Pereira an André Soares

"Bleift doheem" war (an ass) d'Devise vun der Regierung. Fir obdachlos Leit war d'Wanteraktioun am Fong geholl deen eenzege Refuge. Et hunn Adaptatioune misse gemaach ginn: zanter Abrëll geréiert d'Croix Rouge d'Isolatiounskummere fir Covid-Verdachtsfäll.

Den André Soares vun der Croix Rouge erkläert, datt dëst Joer d'Gestioun vum Centre d'isolement pour personnes sans abri testés au COVID vum Haut commissariat de la protection nationale finanzéiert gëtt. D'Leit wieren do a Kummeren isoléiert bis d'Resultat vum Test kënnt. Wann den Test negativ ass, gi si zeréck an d'Wanteraktioun schlofen. Wann e positiv ass, huet d'Croix Rouge aner Strukture fir Leit a Quarantän ze setzen. Den Ament wieren och zwee Leit an Isolatioun.

Foyer de nuit

Een "typesche" Sans-abri gëtt et net

An der Majoritéit wieren et Männer, déi d'Servicer vun der Wanteraktioun unhuele géifen, esou d'Catia Gomes. D'Altersmoyenne läit bei 30 bis 40 Joer, woubäi si constatéieren, datt och vill Jugendlecher Beneficiairë sinn.

Et géifen och schaffend Leit bei d'Wanteraktioun kommen:

"On a beaucoup de gens qui travaillent quand même. Souvent le problème c'est qu'ils travaillent en intérim ou en CDD et avec ces contrats là, impossible de trouver un logement au Luxembourg."

Security

Am Foyer de Nuit

D'Diana Pereira schafft fir d'Caritas. D'Associatioun këmmert sech ëm de Foyer de nuit. D'Leit, déi do ukommen, gi vun der Security op Waffebesëtz kontrolléiert, kréien d'Temperatur geholl a musse sech d'Hänn desinfizéieren. Duerno komme si bei d'Educateuren a kréien ee klenge Bracelet mat der Nummer vum Bett.

D'Capacitéit läit bei 250 Better, opgedeelt a verschidde geschlechtergetrennten Dortoiren:

"Hei hu mer quasi ... 60 Better. Mir hunn nach keng 250. Da probéiere mir d'Leit een ënnen, een uewen ze leeën, datt si ee Maximum un Distanz hunn."

Am Moment läit d'Betterbeleeung bei ronn 100 bis 110 Leit. Dobäi wier de Pic nach net erreecht, seet d'Diana Pereira. Iwwer déi kal Wanterdeeg gi sech méi Leit erwaart.