Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Statec-Direkter: D'Kuerzzäit-Indicateure weisen a Richtung Stagnatioun

Wirtschaft

Statec-Direkter: D'Kuerzzäit-Indicateure weisen a Richtung Stagnatioun

Dem Statec no ass et ganz warscheinlech, datt dëst Joer nach eng Indextranche erfält, an d'nächst Joer der nach zwou bis dräi. Dat wieren am Ganze fënnef bis sechs Indextranchë bannent 18 Méint. De Serge Allegrezza, Direkter vum Statistikinstitut, seet am 100,7-Interview, d'Inflatioun géif ufänken d'Präisser vun all de Produiten a Servicer ze kontaminéieren, an d'Präisdeierecht géif och d'nächst Joer héich bleiwen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Dat ass en neie Moment un deen ee sech muss gewinnen, sot eis de Serge Allegrezza den Donneschdeg de Moien. Hien huet de Mëttwoch de Sozialpartner déi nei Inflatiounsprevisioune presentéiert, ier d'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat de Sonndeg de Mëtteg zesumme komme fir iwwer Léisungen ze verhandelen.

Bis den Hierscht 2023: All Trimester eng nei Indextranche?

Um Enn wäert een dëst Joer op dräi Indextranchë kommen, wouvun déi aus dem Summer réischt d'nächst Joer wäert ausbezuelt ginn. An den néng éischte Méint vum nächste Joer kommen den aktuelle Previsiounen no zwou bis dräi nei Indextranche vun 2,5 Prozent op de Salairen a Pensiounen dobäi. Dem Serge Allegrezza no muss ee bis op den Ufank vun den 80er zeréckgoe fir eng änlech Situatioun erëmzefannen, deemools wéi d'Belsch de Frang em 8,5 Prozent devaluéiert huet.

"Et muss ee scho mat sou Period vergläichen, elleng fir ze weisen datt mer a relativ schwiereger Situatioun sinn."

Impakt vun Index op d'Inflatioun "ass maitriséiert"

D'Inflatioun betrëfft mëttlerweil net méi just d'Energiepräisser, mee och d'Salairë klammen. D'Hausse vun de Salaire géif d'Inflatioun awer net weider staark undreiwen, esou de Serge Allegrezza. Deen Effet wier maitriséiert: "Ëmsou méi, wann een an der Tripartite ka gewësse Moderatioune kréien, sief et duerch en Drossele vun der Inflatioun oder d'Verréckele vun Indextranchen". Dat géif elo vun de Verhandlungen an der Tripartite ofhänken.

Ekonomesche Ralentissement zeechent sech of

D'Inflatioun an d'Géigemesuren hunn och en Impakt op d'ekonomesch Croissance. D'Kuerzzäit-Indicateure weisen dem Statec-Direkter no a Richtung Stagnatioun. Et géife Virzeeche fir en ekonomesche Ralentissement ginn, mee et wier awer nach fréi fir dat ze vill z'interpretéieren.

Mir sinn an enger Economie de guerre, esou de Serge Allegrezza. Am beschte wier et, et géif prioritär eng Léisung fir de Krich an der Ukrain fonnt ginn.