Et ass haaptsächlech de Finanzsecteur, deen zu där gudder Performance bäidréit. Dank de Bourssen, déi op Rekord-Niveaue geklomme sinn. Indicë wéi Dow Jones, Nikkei, Dax oder CAC 40 hunn alleguer Progressiounen vun däitlech iwwer 20 Prozent higeluecht. Wat aner Déngschtleeschtungen, déi also näischt mat Finanzen ze dinn hunn, ubelaangt, war d'Entwécklung 2021 och éischter positiv - mat Ausnam vum Horeca-Secteur: do bleift besonnesch d'Hotellerie ugeschloen, well ëmmer nach wéineg gereest gëtt, geschäftlech sou gutt ewéi privat.
Zwee Secteure maachen aus anere Grënn Suergen, d'Industrie an de Bau. D'Produktioun géif net sou vill unzéie wéi se kéint, ekläert de Bastien Larue vum STATEC. Hie schwätzt vu Probleemer op der Säit vun der Offer.
Fir déi Problemer ginn et 2 Haaptgrënn: de Pandemie-bedéngte e Manktem u Matière-premièren an Eenzelstécker, a Schwieregkeete fir Leit ze fannen. Virun allem am Constructiounssecteur wier net genuch main-d'oeuvre disponibel.
D'Kris gouf gesamtwirtschaftlech gutt iwwerstanen
Iwwer der ganzer Ekonomie hänkt d'Damoklesschwäert vun neie Restriktiounen. An dat wäert och bis un d'Enn vun der Pandemie net änneren. Mee Stand elo gesäit et esou aus wéi wann d'Kris, gesamtwirtschaftlech gekuckt, gutt iwwerstane gi wier. Dat confirméiert och en aneren Indicateur: dee vun de Faillitten.
"Les dernières données qu'on observe pour 2021 (les plus récentes), c'est qu'on reste sur des niveaux de faillites qui sont comparables à ceux d'avant-crise, de 20219. Il n'y a pas de boom des faillites pour l'instant ..."
An et géif ee sech och näischt an déi Richtung erwaarden, sou de STATEC.