Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stater Associatiounen: "D'Politik soll eis méi abannen"

Gemengewale Stad

Stater Associatiounen: "D'Politik soll eis méi abannen"

Nieft de Parteie probéiere virun de Walen och eng ganz Réi aner Organisatiounen sech Gehéier ze verschafen. An eiser Sendung "Am Fong" hu mir bei verschiddene Stater Associatiounen de Bols gefillt.

auto_stories

1 min

An déi waren sech op engem Punkt eens: Déi Stater Gemengeresponsabel kéinte si méi abannen, wann se hir Decisiounen huelen. Dat soten an eiser Sendung live vum Stater Maart esouwuel de Vize-President vum Stater Geschäftsverband, den Dan Gantrel, wéi och d'Vertriederinne vun den Interesseveräiner aus der verschidde Stater Quartieren: D'Nadine Molitor vum Cents, d'Danielle Castellaneta aus dem Neiduerf, an d'Sarah Brock vu Gaasperech.

D'Monique Goldschmit, d'Presidentin vu ProVelo, huet iwwerdeems kritiséiert, d'Majoritéit am Stater Gemengerot géif am Moment dacks op der Brems stoen, wann et drëms geet, d'Vëlosinfrastruktur ze verbesseren. Si reit de Vëlosfuerer dofir e Sonnde Politiker ze wielen, déi selwer Vëlo fueren.

Déi ganz Emissioun vum Stater Maart kënnt Dir hei lauschteren.