Et hätt een d'Chance gehat, datt d'Geschäfter déi ganz Saison viru Chrëschtdag nach opbleiwe konnten. D'Geschäfter sinn eréischt de 25. Dezember zougemaach ginn, net esou ewéi d'Restauranten a Caféen, déi schonn de 26. November hu missten hir Diere spären. De Staat hätt och gehollef, betount d'Presidentin vum Stater Geschäftsverband:
"Am Moment sinn d'Geschäfter nach do. Grouss Chaînen, déi hate warscheinlech scho virun der Pandemie decidéiert hir Filialen zouzemaachen. Wann d'Hëllefe vum Staat awer ophalen, da kann d'Situatioun sech änneren. Et huet ee Prêten accordéiert kritt, déi een natierlech muss rembourséieren. Villäicht gesäit een an e puer Méint oder nächst Joer den Impakt vun der Pandemie."
Perspektive fir d'Geschäfter elo no de Chantieren
Et ass ganz vill scho gemaach gi fir d'Quartieren ze beliewen, seet d'Presidentin vum Stater Geschäftsverband:
"Ech schwätzen zum Beispill vun den Autorisatioune vun den Terrassen. Ganz vill Stroosse goufen doduerch dynamiséiert ewéi d'Ënnescht Gaass, d'Joseph Junck Strooss op der Gare, oder d'Stroossbuerger Strooss. Heiansdo kann ee mat Klengegkeete ganz vill erreechen. Et ass ganz kloer, datt déi Chantieren ee ganz groussen Impakt haten. Den Tram ass elo do, d'Avenue de la Liberté ass wonnerschéin, d'Paräisser Plaz ass elo nei opgaangen. Do géif ech mer villäicht wënschen, datt d'Gemeng och déi sou flott géif maachen ewéi d'Plëss mat Blummebacken."
Geschäfter an der Aler Avenue beliewen
Wat schwiereg wier d'Al Avenue, well ganz vill Commercen zou sinn, an do ass et deen heite Message vum Mireille Rahmé Bley un d'Proprietären:
"D'Proprietäre sollen hir Vitrinnen zur Verfügung stellen, dat gesäit esou ellen aus, wann alles zou ass. Mee dat kann een och mat wéinege Mëttel nees flott maachen, andeems een ee Pop-Up-Store dran installéiert, oder datt een einfach engem anere Geschäft déi Fënster zur Verfügung stellt fir déi ze dekoréieren an eng Luucht léist. Well wa Luucht do ass, dann ass et manner geféierlech. Mir hu schonn ee Problem op der Gare mat der Kriminalitéit. A wann eppes beliicht ass, da fillen d'Leit sech méi sécher."
Prioritär d'Leit nees an d'Stad lackelen
Et wier fir si wichteg, datt d'Leit nees an d'Stad kéimen. Et hätt een néierens esou eng grouss Auswiel u Geschäfter, u Caféen an u Restauranten ewéi an der Stad, erënnert d'Mireille Rahmé-Bley:
"Datt d'Touristen nees an d'Stad kommen, datt se Lëtzebuerg nees entdecken, datt den Télétravail zeréckgeet, datt all déi Leit, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, an der Mëttesstonn rëm akafe kommen. Dat wier scho ganz wichteg fir datt d'Stad erëm sou gëtt, ewéi se virun der Pandemie war."