Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Grondsteier an der Stad gëtt net eropgesat

Logement

D'Grondsteier an der Stad gëtt net eropgesat

An der Stad Lëtzebuerg sollen Terrainen, déi direkt kënne bebaut ginn, däitlech méi héich besteiert ginn. Dat fuedert de Gros vun der Oppositioun aus dem Gemengerot. Déi Gréng, LSAP an déi Lénk aus der Stad hunn de Méindeg op enger gemeinsamer Pressekonferenz hir Motioun presentéiert, an där gefuedert gëtt, datt den Taux vun der Grondsteier fir dës Zort vun Terrainen, den 1. Januar 2021 op 15.000 Prozent soll klammen. Dat wier 30 mol esou héich, wéi de Moment. Een ähnleche Schrack hat d'Gemeng Dikrech Ufank Mäerz eestëmmeg decidéiert.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / FreedomTumZ

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Et géif dorëm goe Bauterraine séier ze mobiliséieren, esou d'Vertrieder vun den dräi Parteien aus der Stad. Vun der gefuederter méi héijer Steier betraff wiere ronn 30 Hektar, op deenen 1.200 Wunnenge fir 2.500 Leit kéinte gebaut ginn.

Vun der gefuerderter méi héijer Grondsteier wiere ronn 30 Bauterrainen an der Haaptstat betraff, op deenen 1.200 Wunnenge fir 2.500 Leit kéinte gebaut ginn, huet et de Moie geheescht. Als Beispill fir een Terrain vun zwee Ar géif d'Grondsteier vun elo ronn 400 Euro pro Joer op 13.000 Euro klammen, wann d'Fuerderung vun der Oppositioun Succès hätt. Dem grénge Gemengerotsmember François Benoy no géif et also dorëm goen fir d'Besteierung substantiell z'eréigen. "Déi Leit, déi déi Terrainen hunn sollen incitéiert ginn, fir engersäits ze verkafen, oder ze bebauen", sou de grénge Member vum Stater Gemengerot.

Dem Guy Foetz vun déi Lénk no wier esou e Schratt eng Alternativ zu Enteegnungen, allerdéngs wéilt d'Majoritéit vun DP an CSV net mat op dëse Wee goen, trotz Logementspräisser déi staark klammen. "Mir erliewen am Moment eng total Verdrängung vun deenen ënnerschten an deene mëttlere Schichten aus der Stad. An och vun de Famillen a speziell vun de jonke Famillen, déi et sech einfach net méi kënne leeschten, fir hei an der Stad eppes ze kafen oder eppes ze lounen."

D'Leit géife keng verstänneg Wunnenge méi fannen huet och den LSAP-Gemengerotsmember Tom Krieps bedauert. Hien huet vun enger Noutsituatioun geschwat déi net méi tragbar wier.

D'Motioun vun den dräi Oppostiounsparteie steet de Mëtteg um Programm vun der Sitzung vum Stater Gemengerot. Gréng, LSAP an déi Lénk stellen zesummen zéng vun de 27 Memberen am Gemengerot.


De Laurent Mosar kritiséiert de Virstouss vun der Oppositioun am Gemengerotplay_arrow

D'Grondsteier op bebaubaren Terrainen an der Stad Lëtzebuerg gëtt net erhéicht. D'Motioun vun Déi Gréng, LSAP an déi Lénk, déi dat gefuedert hat, gouf gëschter Owend an der Sitzung vum Stater Gemengerot ofgeleent. D'Approche vun den dräi Oppositiouns-Parteien, mat engem einfachen Eropsetze vum Taux, wier net zilféierend, esou den CSV-Schäffe Laurent Mosar virum Vott. Zweetens wier déi proposéiert Mesure eng "total ongerecht".

Wann een an der Stad d'Grondsteier op bebaubaren Terrainen erop gesat hätt, dann hätt dat d'Logementspräisser nach an d'Luucht gedriwwen, esou de Laurent Mosar an der Sitzung vum Stater Gemengerot.

"An ech sinn och guer net iwwerzeegt, datt do vill Terraine géife liberéiert ginn. An en plus, wat ass den Haaptproblem dee mir an eiser Stad hei hunn: dat ass, datt mer fir verschidde Kategorie vu Leit, déi fannen um Privatmaart ebe schwéierlech een Terrain."

Dowéinst géif d'Gemeng "enorm Efforte" maachen, z.B. am soziale Wunnengsbau.

Datt een awer iwwert d'Virkafsrecht net méi un Terraine kéim, doriwwer wier de Schäfferot - dem Laurent Mosar no - "extrem frustréiert".

"Mir bréngen dat net fäerdeg, duerch eng onsäglech (...) Circulaire vun der Inneministesch."

Den CSV-Schäffe Laurent Mosar huet dowéinst een Appell un d'Vertrieder vun LSAP a Gréng am Gemengerot gemaach, op dësem Punkt Drock op d'Inneministerin ze maachen.

Fir un Terrainen ze kommen, wéilt een an den nächste Woche Bréiwer un d'Besëtzer schécken, huet de Laurent Mosar nach ugekënnegt.

"Net fir déi Leit opzefuerdere si sollen elo schnell hir Terraine verkafe mee fir se einfach nach eng Kéier drop opmierksam ze maachen, a fir hinnen ze soen, datt wann se wéilten deen Terrain verkafen, da solle se deen un eis verkafen, well se da keng Steier op der Plus-value bezuelen."