Den LSAP-Conseiller am Stater Gemengerot Tom Krieps fillt sech u mësslonge Policeasaz erënnert, wéi ee se aus den USA kennt - nëmme wier hei keng Police, mee eng privat Sécherheetsfirma am Spill.
Woubäi - an dat wier dat Schlëmmst - offensichtlech weder d'Agenten, nach den Hond richteg geschoult wieren:
"Deen Hond huet net lass gelooss, obscho säi Meeschter gesot huet, e soll lass loossen. Se hu missen zu dräi un deem Béischt zéien. A wéi d'Béischt finalement lassgelooss huet, du huet et och nach no sengem eegene Meeschter geschnaapt. Dat gesäit een um Video relativ gutt. An dat geet iwwerhaapt guer net."
Direkt gëschter Owend huet déi gréng Conseillère Christa Brömmel eng Rei urgent Froen un de Schäfferot gestallt, z.B. déi wéi dee Schäfferot ausschléisse wëll, dass an Zukunft nach Leit duerch Hënn vu private Sécherheetsfirmen a Gefor bruecht ginn.
De Schäfferot misst elo "wierklech endlech" erklären a beweisen, ob a wéi den Asaz vun Hondspatroulle vu private Sécherheetsfirmen d'Sécherheetsgefill an de Quartiere verbessere géif.
Politesch Konsequenzen
Natierlech misst eng Enquête gemaach ginn, fir e komplett Bild ze kréie vun deem wat geschitt ass, soen déi gréng. LSAP an déi Lénk awer fannen, datt de Video eleng schonn duer geet fir ze froen, fir éischt Konsequenzen ze zéien.
Fir den Tom Krieps ass dat de Beweis, datt d'Sécherheetsbeamten "incapabel" wiere fir hir Aarbecht ze maachen.
"Dee Vertrag muss resiliéiert ginn, a fäerdeg ass de Lack."
De Guy Foetz geet souguer nach e Schrëtt méi wäit.: hie fuerdert politesch Konsequenze vum Schäfferot. Déi Lénk misste sech elo nach mat der Oppositioun ofschwätzen, mee et wéilt een d'Demissioun vun deene Leit froen, déi et an d'Weeër geleet hunn, datt privat Sécherheetsfirmen an der Stad patrulléieren. Domat mengt de lénke Gemengeconseiller d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer, wéi hien op Nofro hi confirméiert.
Fir déi Lenk ass nämlech kloer. Et ass de Schäfferot, an nëmmen hien, dee responsabel ass fir dat, wat geschitt ass.
Lydie Polfer: Demissioun kënnt "net a Fro"
Si géif net virun esou enger Situatioun wéi där op der Gare kapituléieren, esou reagéiert d'Stater Buergermeeschtesch nom Virfall op der Stater Gare e Samschdeg den Owend. Déi Stater Lénk haten am Virfeld dowéinst d'Demissioun vun der Buergermeeschtesch gefuerdert, mee dat kéim net a Fro, esou d'Lydie Polfer.
Videoe vum Virfall zirkuléieren den Ament op de soziale Medien, an dat huet déi politesch Diskussioun iwwer den Asaz vu private Sécherheetsleit an der Stad nees lass getrëppelt. Hätt et Videoiwwerwaachung vum Virfall ginn, géif een elo méi genee wëssen, wat geschitt ass, esou d'Stater Buergermeeschtesch.
Et misst een elo d'Enquête ofwaarden. De Kontrakt mat der momentaner Sécherheetsfirma géif awer wéi geplangt bis den 1. November weiderlafen. D'Chamberkommissioune fir Justiz a bannescht Sécherheet befaasse sech op Demande vun déi Lénk an de Piraten e Mëttwoch de Moien mam Virfall.