Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Beyond The Blue (feat. Gretchen Parlato)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stater Residente ginn am meeschten an de Musée

Musée-Ëmfro vum Kulturministère

Stater Residente ginn am meeschten an de Musée

Fir d'Muséeën an hir Visiteuren zu Lëtzebuerg besser ze verstoen, hat de Kulturministère eng Etüd beim LISER an Optrag ginn. Dës Studie ënnersicht ënner anerem, wien déi typesch Muséesgänger am Land sinn. Si wërft och Froen op, wéi een den Accès zur Kultur besser garantéiere kéint. D'Kulturministesch Sam Tanson gesäit an dësem Beräich nach grousst Potential.

auto_stories

2 min

De Mudam zu Lëtzebuerg weist modern Konscht. Foto: Mudam Luxembourg

Lauschterenplay_arrow


Sechs vun zéng Awunner hunn an der Etüd uginn, datt si tëschent Mäerz 2019 a Mäerz 2020 op d'mannst ee Musée besicht hunn. Dat sinn zéng Prozentpunkte méi wéi bei der leschter Erhiewung am Joer 2009.

Wie sinn déi klassesch Muséesgänger?

Et ginn och verschidde Faktoren, déi een typesche Muséesgänger ausmaachen. Hei wieren en héijen Educatiounsniveau, en Alter tëschent 25 a 44 Joer a Kanner hu Faktoren, déi op déi typesch Muséesgänger zoutreffen.

Déi Leit déi am meeschten an de Musée gi wieren och déi, déi an der Stad Lëtzebuerg wunnen. 80 Prozent vun dësen hunn nämlech an der Studie gesot, si hätten e Musée besicht. Am Verglach waren et am Süde knapp ënnert der Hallschent, am Nord-Oste 55 Prozent.

Dës Zuele géife weisen datt nach Potential do wier, fënnt d'Sam Tanson.

Leit besser iwwer Offer informéieren

Et wéilt een de Public méi breet opstellen, well et wier immens wichteg datt net ëmmer déi selwecht Leit an de Musée ginn, esou d'Kulturministesch:

"Den Accès zur Kultur ass eppes dat ech wierklech primordial fannen an enger Gesellschaft, datt mir all Mënsch déi Méiglechkeete ginn. An déi Méiglechkeete kann een nëmmen hunn, wann een och d'Offer iwwerhaapt emol kennt."

D'Hallschent vun de Leit, déi kee Musée besicht hunn, ginn nämlech als Grond heifir, net genuch iwwer déi existent Offer informéiert ze sinn.

Musée-Visitten an der Kandheet och e wichtege Faktor

75 Prozent vun de Leit soen, si hätten d'Gewunnecht einfach net fir an e Musée ze goen. Wann een dëst a Relatioun setzt mat hirer Kandheet, gesäit een, datt dräi Véierel vun dëse Persounen och ni mat den Elteren an d'Hallschent ni mat der Schoul an engem Musée waren.

Dëst géing een als Potential gesinn, esou d'Sam Tanson, an et misst een alles dru setze fir den Accès zur Kultur bei de Jonken esou gutt ewéi méiglech ze garantéieren. Hei misst ee kucke fir d'Schoulen, d'Foyeren an och all aner Zorte vu Fräizäitaktivitéiten an d'Muséeën ze kréien.

Eng nächst Enquête soll sech méi genee d'kulturell Gewunnechte vun de Jonken ukucken.