Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stau: Symptom vum Wirtschaftsmodell

Wirtschaftskronik

Stau: Symptom vum Wirtschaftsmodell

An der Lëtzebuerger Verkéiersproblematik gëtt de Frontalierstrafic als ee vun den Haaptproblemer identifizéiert. Dofir ginn elo konkret Mesurë geholl oder an d'A gefaasst, fir datt manner Frontaliere mam Auto op Lëtzebuerg kommen. Oder fir datt si carrement doheem bleiwen.

auto_stories

3 min

De Verkéierschaos, deen zu Lëtzebuerg a ronderëm duerch d'Frontalieren entsteet, ass scho laang bekannt. An en ass elo esou schlëmm ginn, datt d'Lëtzebuerger Regierung lues a lues ufänkt, konkret ze reagéieren. Dat och mat Hibléck op d'Parlamentswahlen an engem knappe Joer. D'Verkéiersproblematik annoncéiert sech als Wahlkampthema. An de Gedanke läit no, datt bei den Léisungsvirschléi fir den Trafic d'Frontaliere méi viséiert gi wéi d'Lëtzebuerger, déi am Land wunnen a wielen, an och gréisstendeels mam Auto op d'Aarbecht fueren.

Allerdéngs ass de Frontalierstrafic e reelle Problem. Bal d'Halschent vun de 400.000 Leit, déi hei schaffen, reesen aus der Belsch, Frankräich an Däitschland op Lëtzebuerg. A vun deenen 183.000 Frontalieren, déi all Dag kommen, huelen 90 Prozent den Auto. Stau, am zweestellege Kilometerberäich, ass ëmmer méi dacks d'Konsequenz.

Nei Mesurë géint de Stau

Fir deem entgéint ze wierke goufen dës Woch zwou Mesuren annoncéiert. Eng ass konkret: Lëtzebuerg huet en Akkord mat der Belsch ënnerschriwwen, datt méi belsch Frontalieren net mam Auto, mä mam Zuch op Lëtzebuerg schaffe kommen. Lëtzebuerg kofinanzéiert hir Zuchabonnementer, déi doduerch vill méi bëlleg ginn. An déi belsch Bunn stellt als Konterpartie iwwer 20 Parkinge bei belsche Garë gratis zur Verfügung. De Käschtepunkt fir Lëtzebuerg géif bei 300.000 Euro d'Joer leien, sot de Nohaltegkeets- an Infrastruktur-Minister François Bausch. Iwwer ähnlech Akkorde mat Frankräich an Däitschland géif och nogeduecht ginn.

D'Fro stellt sech: Sinn déi belsch, franséisch an däitsch Zuchverbindunge mat Lëtzebuerg adequat, fir déi gewënschten Hausse vu Passagéier iwwerhaapt ze packen? Et gëtt jo elo scho seriö Problemer mat iwwerfëllten Zich, Retarden an Annulatiounen. An der Belsch soll en Investissement vun enger Milliard Euro op där ominéiser Arel-Bréissel Zuchstreck d'Situatioun vum nächste Joer u verbesseren. Tëscht Däitschland a Lëtzebuerg gesäit et manner gutt aus. Fir eng direkt Linn tëscht Saarbrécken a Lëtzebuerg gesäit de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister zum Beispill keng Chance.

Vun doheem aus schaffen

De Etienne Schneider huet awer dës Woch eng aner Léisung virgeschloen. Hie proposéiert, dass d'Frontalieren een Dag d'Woch guer net op Lëtzebuerg kommen, ma vun doheem aus schaffen. Mat den dräi Nopeschlänner misst een dofir nei Steiermodeller verhandelen. Well, sot den Etienne Schneider: Mat weideren Investitiounen an Transport-Infrastrukture kéint de Verkéiersproblem net geléist ginn.

Wann jidderee par konter een Dag d'Woch vun doheem aus géif schaffen, kéint den Trafic zu Lëtzebuerg ëm 20 Prozent reduzéiert ginn. Dat kéint net méi an dëser Legislaturperiod realiséiert ginn, sot nach den Etienne Schneider, dee jo d'Ambitioun huet, fir Premier ze ginn. Och an der Verkéiers-Politik hëlt den LSAP Minister elo eng Initiativ.

E Symptom vum Wuesstemsmodell

D'Verkéiersproblematik ass virun allem och intressant, well si e Symptom vum Lëtzebuerger Wirtschafts- a Wuesstemsmodell ass. An anere Wieder: Fir aus dem Stau ze kommen, misst dee Modell a Fro gestallt ginn, sot de François Bausch. Net just hien a seng Partei, déi gréng, mä och déi aner Parteie positionéiere sech ëmmer méi däitlech an der Diskussioun: "Wéi soll Lëtzebuerg wuessen?". A wat d'Wahle méi no kommen, wat déi Positiounen, och an der Koalitioun, wuel méi wäit ausernee wäerte goen.

De Frontalierstrafic war virauszegesinn. Datt joerzéngtelaang net preventiv dogéint gehandelt gouf, ass engersäits enger Politik ze verdanken, déi den Auto favoriséiert huet, am Plaz vum Ausbau vun den ëffentlechen Transportsystemer. Anerersäits ass am Lëtzebuerger Wirtschafts- a Wuesstemsmodell, mat sengem generéise Sozialsystem, eng fundamental Kontradiktioun: Lëtzebuerg ass op d'Bäiträg vun de Frontalieren an ëmmer méi Emploi ugewisen. Gläichzäiteg gëtt de Präis dovunner - Stau, Stress, Loftverknaschtung, héich CO2 Emissiounen an doduerch Kompetitivitéitsverloscht - ëmmer méi kloer, an ëmmer méi héich. Et dierf ee gespaant sinn, wat bei den Etuden erauskënnt, déi d'Regierung an Optrag ginn huet, fir dee Präis konkret ze berechnen.