Radioen

On air

Notturno  |  Scott Walker - Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steierpolitik bleift een Thema

XAVIER BETTEL AM EUROPAPARLAMENT

Steierpolitik bleift een Thema

Europa muss zesummenhalen an oppe bleiwen. Dat war de Message vum Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel am Europaparlament. Hie war invitéiert fir do seng Zukunftsvisioune fir d'Europäesch Unioun ze beschreiwen an huet do wéi erwaart ee Plaidoyer fir d'Unioun gehalen.

auto_stories

2 min

De Premier am Hémicycle zu Stroossbuerg. (Foto: EP)

Lauschterenplay_arrow


Dobäi huet de Xavier Bettel och de Lëtzebuerger Wee als ee Modell fir aner Länner beschriwwen. Zum Beispill am Ëmgank mat der Klimakris, wou Lëtzebuerg, sou de Premier am Hémicycle zu Stroossbuerg, d'Leit mat agebonnen hätt. Do virdru sollten anerer net zeréckscheien, sou de Xavier Bettel.

Polemik iwwer Bréifkëschten

Am Debat no senger Ried gouf et vill Zousproch. Mir brauche méi EU, sot d'Isabel Wiseler vun der CSV. Zum Beispill, wat d'Gesondheetspolitik ugeet. Dat hätt d'Pandemie gewisen. Lëtzebuerg sollt do eng Virreider-Roll spillen, sou d'CSV-Europadeputéiert.

Manner konsensuell war d'Manon Aubry vun deene Lénken, déi een albekannte Sujet opbréngt, an dem Premier eng "Devinette" proposéiert: Wat hunn den Tiger Woods, Brad Pitt oder Shakira en commun? D'Fransousin gëtt d'Äntwert selwer: Si sinn alleguerten u Societéite bedeelegt, déi eng Bréifkëscht zu Lëtzebuerg hunn. Wéi kann dat sinn? Sou d'Fro un de Premier, deen dorop net inhaltlech äntwert.

Déi leschte Kéier hätt d'Marine Le Pen vum rietsextreme "Front National" him am Europaparlament eng änlech Fro gestallt, sou de Xavier Bettel. D'Devinette wier dowéinst, wien deen nämmlechten Discours hält ewéi d'Madame Le Pen - et wier d'Madame Aubry.

Dissens mat Lëtzebuerger Europadeputéiert

Och déi Lëtzebuerger Gréng Tilly Metz huet der Regierung eng kritesch Fro gestallt iwwer dat aktuellt Liwwerkettegesetz: Op Lëtzebuerg endlech géing ënnerstëtzen, datt de Finanzsecteur an déi Direktive mat opgeholl gëtt?

Iwwer dat Gesetz gëtt den Ament op EU Niveau diskutéiert. Den Ausseminister Jean Asselborn hat an der Chamber präziséiert, datt Lëtzebuerg do net dofir wier. De Xavier Bettel huet zu Stroossbuerg net op déi Fro geäntwert.

De Marc Angel schwätzt een aneren Dissens tëscht Europadeputéierten a Regierung un. Fir den LSAP-Europadeputéierten wier et en vue vu verschiddenen Reformen vun der EU néideg, d'Traitéen ze änneren. "Fir de Moment halen ech dat net fir eng gutt Iddi", confirméiert de Xavier Bettel déi scho bekannte Positioun vun der Regierung.

De Charel Goerens vun der DP huet eng Lanz fir kléng Länner gebrach - an dofir, datt grad hir Ressortissante besonnesch gutt am Numm vun Europa schwätze kënnen.

De Lëtzebuerger Premier als ee vun de Kandidate fir d'Spëtzt vun enger EU-Institutioun ze iwwerhuelen? De Xavier Bettel wénkt op Nofro of a verweist op d'Chamberwalen am Oktober.

"Ech wier frou, d'nächst Joer nees hei am Parlament als Lëtzebuerger Premier invitéiert ze ginn."