Fiskalitéit Steierreform: DP wëllt kucken, "wat budgetär méiglech ass"

Ass d'DP de grousse Bremser an der Dräierkoalitioun fir eng Steierreform? Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch hat dat der DP op RTL an däitleche Wieder virgeworf. Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché huet am 100,7-Interview gemengt, et sollt een d'DP froen, wéi se et mat enger Steierreform hält. De Jacques Ganser huet nogefrot.

Jacques Ganser / cbi

Gilles Baum
De Gilles Baum ass Fraktiounschef vun der DP. Foto: Archiv

Lauschteren


Den DP-Fraktiounschef weist d'Aussoe vum Dan Kersch zeréck. D'DP wier net prinzipiell géint eng kleng Steierreform nach virun de Walen, et misst een awer kucken, wat finanziell méiglech ass.

D'Aussoe vun Dan Kersch wieren "total falsch" an de Gilles Baum huet déi am 100,7-Interview "energesch" zeréckgewisen.

"Mir verweigeren eis guer näischt am Kader vun de budgetäre Méiglechkeeten, déi do sinn."

DP wëllt keng Sue fir eng Steierreform léine goen

No all den zousätzlechen Depensen, déi mat der Pandemie an der Energiekris vum Staat ze stäipe waren a sinn, wier et elo irresponsabel, nach eemol déif an d'Kees ze gräifen, mengt de Gilles Baum.

"D'Positioun vun der DP ass déi, wéi se ëmmer war: wa mer finanzielle Spillraum hunn, dat ka jo vläicht schonn am Budgetsjoer 2023 sinn, da wäerte mir eis net dogéint verwiere fir Efforten ze maache fir de Mëttelstandsbockel of ze flaachen an och deenen ënneschte Steierklassen entgéint ze kommen."

De Gilles Baum ass net dofir fir Sue léinen ze goen, fir domat eng Steierreform ëmzesetzen. "Dat wier finanzpolitesch gesinn irresponsabel", esou de Fraktiounschef vun der DP.

Méi héije Spëtzesteiersaz: "net dee ganz grousse Worf"

Géif eng méi héich Besteierung vun den ieweschten Akommesklassen net méi Geld erabréngen? De Gilles Baum mengt, datt dat net "dee ganz grousse Worf" géif ginn.

D'Berechnunge vum Finanzministère géife weisen: wann de Spëtzesteiersaz ëm ee Prozentpunkt eropgesat géif ginn, da géif dat dem Staat eng 15 Milliounen Euro erabréngen.

Bei zwee Prozentpunkte wieren et eng 30 Milliounen, a bei dräi Prozentpunkte wieren et 45 Milliounen.

"Et kann ee sou weider Rechnen, mee och mat 50 Milliounen Euro méchs de lo net dee ganz grousse Worf", mengt de Gilles Baum.

Datt déi rezent Finanzhëllefe Reaktiounen op Krise waren an an der Breet gehollef hunn, de soziale Fine-Tuning awer iwwer Steiere leeft, dem stëmmt de Gilles Baum zou.

Elo géif een emol op d'Recettenzuele waarden, déi Ufanks Oktober presentéiert gi fir ze kucken, ob Spillraum do wier.

DP géint Steiererhéijungen

Anescht wéi déi gréng an d'LSAP ass d'DP-Fraktioun nach ëmmer géint nei Steiererhéijungen. An dëse Krisenzäite wier dat Gëft fir d'Stéit a fir d'Ekonomie, esou den DP-Fraktiounschef Gilles Baum op Nofro hin. D'Leit bräichte grad elo hir Suen.

Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché sot de Moien hei op der Antenn, fir d'Krisemesuren aus der Tripartite ze finanzéiere wier hir Fraktioun der Meenung, datt eng Solidaritéitssteier misst agefouert ginn. Den LSAP-Deputéierten Dan Kersch hat op Twitter fir Steieraugmentatioune fir "Super-Räicher" plädéiert.

Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum sot eis, dat wier net Deel vum Tripartiteaccord. Wann d'Koalitiounspartner LSAP an déi gréng nei Iddien hätte, géif hien dovun ausgoen, datt si mat konkrete Virschléi un d'DP eruntrieden.

D'DP-Fraktioun wier awer an dësem Moment géint nei Steieren. Och Steiererliichterungen hält d'DP an dësem Moment fir irresponsabel, well de Staat an der Pandemie an och elo wéinst der héijer Inflatioun vill Depensen hätt.

Méi zum Thema

Josée Lorsché
Josée Lorsché

Déi Gréng Fraktiounscheffin seet, et wier realistesch datt nach virun de Walen eng Rei Mesuren ëmgesat ginn, déi de Steiersystem méi gerecht maachen. Un eng grouss Steierreform géif si awer net méi gleewen.

Tripartite Dag 3
Tripartite

No 30 Stonne Verhandlungen iwwer dräi Deeg an der Tripartite gouf en Dënschdeg den Owend e prinzipiellen Accord annoncéiert: De Käschtepunkt vum Hëllefspak läit bei eppes méi wéi enger Milliard Euro.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen