Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Real Estate - Airdrop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steierreform: Nach kee fixen Datum

Staatsbudget 2020

Steierreform: Nach kee fixen Datum

Mam Staatsemprunt, den d'nächst Joer erauskënnt, wëllt d'Regierung net just an de Klimaschutz investéieren, mee zum Beispill och an de soziale Wunnengsbau. De Pierre Gramegna hat gëschter ugekënnegt, d'Regierung wéilt 2020 fir d'éischte Kéier en "nohaltegen Emprunt" erausginn.

auto_stories

2 min

De Finanzminister Pierre Gramegna

Bei dësem "nohaltegen Emprunt" solle bis zu eng Milliard Euro geléint ginn. Allerdéngs just bei Institutiounen an net bei Privatleit, esou de Pierre Gramegna.

Wann et am Budget vun dësem Joer en Excedent gëtt, dat kéinte fir d'éischte Kéier Suen an en neie "Fonds de rééquilbrage" fléissen. Den neie Fong soll a schwéieren Zäiten als finanziell Reserv genotzt ginn. Mee wéi vill Gewënn muss gemaach ginn, fir datt Suen an dësen neie Fong fléissen? De Pierre Gramegna seet, dat misst all Joer au cas par cas decidéiert ginn, "mee mir hate bis elo keen Instrument, fir iwwerhaapt Suen dranzesetzen, an dat schafe mir elo." Ob et speziell Krittäre fir dës Decisioun ginn, wollt de Pierre Gramegna net verroden.

D'Wirtschaft wiisst méi lues

D'Lëtzebuerger Wirtschaft wiisst manner séier, wéi nach viru Kuerzem erwaart. An awer wëllt d'Regierung an nächster Zäit Steiererliichterungen ëmsetzen. Mee ass de finanzielle Spillraum fir Erliichterungen am Gaang méi kleng ze ginn? De Pierre Gramegna gesäit dat net esou, et misst ee sech zwar ëmmer no de Recette riichten, mee de Finanzminister wier "ganz zouversiichtlech", well momentan mat enger Croissance vun 2,4 Prozent gerechent géif ginn.

Et wier een nach am Ufank fir un dëser Steierreform ze schaffen, an et kéint een dohier och net den Impakt vun dëser Reform ausrechnen, seet de Pierre Gramegna. Sollt d'Wirtschaft "raisonnabel" wuessen, da géif dës Steierreform och duerchgesat ginn, well ee se och finanzéiere kann.

Steierreform: Kee konkreten Datum

De Pierre Gramegna wéilt awer net "op eng brutal Aart a Weis, egal wat geschitt", déi Steierreform duerchsetzen. Et hätt och mat der wirtschaftlecher Entwécklung ze dinn, och wann hien net mat enger Rezessioun rechent. "Mir sinn an enger Phas, wou d'Wirtschaft méi lues dréit, mee nach ëmmer am positive Beräich ass."

De Finanzminister wëllt sech am Moment net festleeën, wéini déi geplangte Steierreform soll a Kraaft trieden. De Pierre Gramegna betount, d'Regierung wéilt d'Reform nach virun de nächste Wahlen ëmsetzen. Op dat schonn den 1. Januar 2021 geschitt, wollt hien awer net soen. D'Reform vum Steierrecht misst "ganz seriö" gemaach ginn, an dofir wéilt ee sech Zäit loossen.