Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steinberg vum Cornel Meder

Literaturkritik

Steinberg vum Cornel Meder

"Steinberg" heescht dat drëtt Band vum Cornel Meder senger Trilogie. D'Valerija Berdi huet dat autobiographescht Wierk vum kierzlech verstuerwenen engagéierte Literat gelies. De Cornel Meder erzielt an dësem Band säin ofwiesslungsräiche Liewenswee. E Buch voller Anekdoten a voller Reflexiounen.

auto_stories

5 min

"Die hier vorgelegte Notatensammlung enthält autobiographische Texte, die mit fiktiven Elementen durchsetzt sind.

"Steinberg" ist daher weder eine Autobiographie noch ein Roman - sodern eher eine Mischung von Elementen beider Genres - entspricht vor allem dem Wunsch, zweierlei Wirklichkeiten in einer einzigen singulären Art kohabitieren zu lassen.
Den Familiennamen "Steinberg" gibt es bekanntlich nicht so selten - auch als Orts- und Flurname ist er bekannt - auch und besonders in der fiktiven Gemeinde Meringen. Dass der hier vermutete (halbversteckte) Begriff "Stein" auf nicht allzu groβen Gefühlsreichtum schlieβen machen mag, weiβ der Autor natürlich sehr wohl. (...)"

Effektiv, als betount gefillsvolle Mënsch dierften déi mannst de Cornel Meder an Erënnerung hunn. D'Bild vum knadderegen Intellektuellen wousst hie gutt ze fleegen, mee wéi spéitstens an dësem leschte Buch gewisen, war de Cornel Meder net just e bal ongleeweg aktive Mënsch, mee och een, deen der Welt a sech selwer mat vill Reflexioun begéint ass.

Et ass net einfach, dëst Buch engem Genre zouzeweisen. Datt déi autobiographesch Elementer Leitmotiv sinn, ass kloer.

Erënnerungen un d'Studentenzäit, un de Wee vum Proff zum Schouldirekter, un déi éischt Schreifversich a spéider Publikatiounen, un d'Aarbecht am Déifferdenger Volleksbildungsveräin, haut Centre culturel, u säi parteipolitescht Engagement, un d'Zäit als Direkter vum Staatsarchiv ... Anekdoten, déi net just dem Cornel Meder säi Liewenswee, mee och e Stéck Geschicht vu Lëtzebuerg, vum Minett erzielen, maache "Steinberg" zu enger erfrëschender Lecture. E weidere Volet, deen dëst Wierk zu engem Bemierkenswäerte mécht, ass dem Meder säi weise Bléck op de liewenslaangen Asaz fir déi gutt Cause.

E kritesche Geescht

Mee fir d'éischt nach zu der Physiognomie vun dësem Buch: D'Erzielung ass eng Zort Dialog, deen de Steinberg - dem Cornel Meder säin Alter Ego mat sengem Fils féiert, deen dann och den Erzieler ass. Si treffe sech op verschiddene Plazen zu ënnerschiddleche Geleeënheeten an dësen zweete Protagonist stellt dem Steinberg net d'Froen iwwer seng Erliefnesser, mee iwwer seng Perceptioun vun dësen, geheit eege Reflexiounen an de Raum op déi de Steinberg da reagéiert. Eng Situatioun ass zum Beispill, wou si ënnerwee sinn, wou si gutt gelaunt an d'Fréijoer erafueren, laachen a blödelen an den Dag zesumme genéisse wëllen. Den Erzieler zitéiert den éisträicheschen Theaterregisseur Max Reinhardt: "Ich habe im Leben immer nur meine Träume verwirklicht" a freet de Steinberg, ob dëse Saz och op hien, Steinberg, zoutrëfft.

De Steinberg freet sech awer och, ob et gescheit war an d'Politik ze goen, ob et naiv war un d'Chancëgläichheet am Enseignement ze gleewen - an hei kommen ech net derlaanscht drun ze erënneren, wat de Meder och a sengem Buch mécht, datt hien e vehemente Verdeedeger vum Konzept vun der Gesamtschoul war, wat elo, bal 50 Joer méi spéit och Thema beim Educatiounsminister Claude Meisch ass.

En ongedëllegen Eenzelkämpfer

De Steinberg sinnéiert iwwer säin eegent Schreiwen, seng Relatioun zu der Literatur an dem Lëtzebuerger Literaturbetrib. Et entsteet e Bild vun engem ongedëllegen Eenzelkämpfer, dee keng Zäit fir d'Banalitéite vum Liewen hat a keng Nerven u Bagatellë verschwent huet.

Den Armand Logelin, dee mam Cornel Meder den Déifferdenger Kulturzenter opgebaut huet a vill Stonnen a Jore mat him verbruecht huet, huet mir verroden, datt de Meder keng eenzeg Kéier mat him iwwer esou eppes Triviales wéi zum Beispill d'Wieder geschwat huet, ëm sou méi beréierend sinn déi kuerz Sequenze beim Steinberg, an deenen hien, wann och éischter burschikos, an trotzdeem mat ënnerschwelleger Zäertlechkeet, Momenter mat senger Fra beschreift oder aner Frëndschaften erwäänt.

E poséierte Mënsch, dee fir seng Iwwerzeegunge gekämpft huet

Bei allem Engagement, bei allem Wëssen, Kënnen, bei allem Erfolleg a Virukommen, huet de Cornel Meder eent ni vergiess:

"(...) Als Historiker wüsste ich schlieβlich, dass man vum Herkunftsmilieu stets geprägt sei. Man müsse schon ein richtiger Parvenü sein, wenn man 'nicht mehr weiβ, wo man herkommt!' Nicht zu unterschätzen sei, dass er selbst sehr milieubestimmt und ein überzeugt treuer Anhänger jener Bevölkerungsgruppe sei, die man die 'Benachteiligten' nenne. Der eigene Job spiele nur eine geringe Rolle, wenn 'das Herz' eher auf der Seite jener Menschen sei, die weniger auf der Bank als im Gefühl haben (...)"

En duusst, intelligent an duerchduecht Wierk vun engem Mënsch, dee Lëtzebuerg kulturpolitesch a ganz villen Dimensioune weiderbruecht an dee géint all verstëbst, klengkaréiert a konservativ Iwwerzeegunge gekämpft huet. Ganz pertinent steet dann och bal ganz zum Schluss:

"Steinberg sagt noch: Ich war nie nur Beamter, nie nur Kommunalpolitiker (und schon gar nicht nur Parteimann), nie nur Rhetor, nie nur Literat - ich war zumeist ein komplizierter, widersprechender (widerdenkender), ungebändigter, aber auch versöhnlicher (kompromissbereiter) Arbeiter in den vielen Gärten meiner Leitfiguren."

"Steinberg" - eng Lecture, déi sech kee soll entgoe loossen.