Radioen

On air

Resonanzen  |  Death Cab For Cutie - Here To Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Stëmmung ass am Moment net gutt"

Prisong

"D'Stëmmung ass am Moment net gutt"

De Coronavirus zirkuléiert weider am Prisong zu Schraasseg. Déi verschäerfte sanitär Mesurë solle wuel bis an d'neit Joer verlängert ginn - an dat suergt fir Tensiounen, esou den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

auto_stories

2 min

Am Moment wieren 31 Prisonéier Covid-positiv, an 81 Detenue wieren a Quarantän, well se Kontakt mat engem Infizéierten haten. De Serge Legil preziséiert, datt am Moment zwee Detenue wéinst Covid hospitaliséiert wieren:

"Dovun hat een Detenu virdru scho ganz grave Pathologien, an dee virdru gesondheetlech schonn extrem ugeschloe war. Den ass an d'Spidol geholl ginn, well en eng schlecht Evolutioun vun der Symptomatik hat. An den aneren ass éischter par Mesure de précaution an d'Spidol geholl ginn."

Dës zwee Prisonéier wieren awer um Wee vun der Besserung, esou de Serge Legil, si géifen deemno geschwënn erëm an de Prisong zeréckkommen.

Formatiounen an Ateliere sinn ofgesot

De Serge Legil rechent dofir domat, datt déi verschäerfte sanitär Mesuren, déi am Moment am Prisong gëllen, bis an dat neit Joer era musse verlängert ginn. Fir d'Prisonéier bedeit dat zum Beispill, datt hir Formatiounen an Atelieren ofgesot sinn. An dat géif fir méi Tensioun suergen ewéi soss, seet de Serge Legil:

"Déi Stëmmung ass am Moment net gutt. D'Leit hunn Angscht, wat absolutt verständlech ass. Et weess kee Mënsch, wat genau geschitt, wéi déi Saach evoluéiert. Déi nei Noriichten iwwer Omicron droen och elo net zur allgemenger Berouegung bäi."

D'Prisongsverwaltung wonnert sech awer, datt trotz allem d'Demande fir sech impfen ze loossen, net an d'Luucht gëtt.

De genauen Impftaux ënner de Prisonéier kennt de Serge Legil wéinst dem Secret Médical zwar net. Den Direkter vun der Prisongsverwaltung geet awer dovun aus, datt manner ewéi d'Hallschent vun den Detenuen zu Schraasseg géint de Coronavirus geimpft sinn.