Radioen

On air

Resonanzen  |  Emmanuel Chabrier - Suite Pastorale, I. Idylle - Detroit Symphony Orchestra, Paul Paray (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stengefort wiert sech weider géint Refugiésstruktur

Flüchtlingen

Stengefort wiert sech weider géint Refugiésstruktur

Déi geplangten Opfankstruktur fir Flüchtlingen, déi d'Regierung zu Stengefort wollt opriichte loossen, ass am Februar vum Verwaltungsgeriicht gekippt ginn. Een alternative Projet, deen am Prinzip souwuel dem Gemengerot wéi och der Regierung entgéint kënnt, ass elo ënner bestëmmte Konditioune méiglech, seet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister. De Stengeforter Buergermeeschter ass mam neie Plang, wéi en elo virläit, awer net d'Accord.

auto_stories

3 min

De François Bausch bezitt sech op eng Ëmwelt-Impakt-Etüd, déi hien dem Stengeforter Gemengerot geschéckt huet. Anescht wéi fir deen éischte Projet, deen d'Regierung via e Plan d'occupation du sol hätt kéinten duerchsetzen, mä deen d'Verwaltungsgeriicht gekippt huet, ass de grénge Minister elo op den Accord vum Gemengerot ugewisen. An dee wëll den CSV-Buergermeeschter esou net ginn.

Den alternative Projet gesäit eng Struktur fir maximal 100 Leit vir, an net méi 300, wéi beim éischte Projet. Dës weidere sollen net nëmmen "demandeurs de protection internationale" do ënnerbruecht ginn, mä och - wéi de Minister Bausch präziséiert - sougenannte "personnes nécessiteuses".

Oppositioun vum Buergermeeschter

Den entscheedende Punkt ass elo d'Prozedur: De Gemengerot misst den allgemenge Bebauungsplang punktuell änneren. Dat kéim awer bei deem Projet, wéi en um Dësch läit, net a Fro, seet de Stengeforter CSV-Buergermeeschter Jean-Marie-Wirth.

Et misst eng Wunnstruktur ginn, och fir "normal Leit", fir Jonker, déi eng Wunneng sichen, an och fir Leit, déi Hëllef brauchen, seet hien. Déi Wunnenge missten awer an enger oppener Struktur sinn, an net esou, wéi de Minister et geduecht hat, wou ronderëm zou ass, an wou den Accès kontrolléiert gëtt.

Keng zoue Struktur, seet Minister

De Minister Bausch ass der Meenung, datt den alternative Projet duerchaus enger Propose vum Stengeforter Gemengerot selwer entsprécht. Hie wéilt just vum Buergermeeschter wëssen, wat hie gären an déi Struktur drasetzt - op et Famillen oder Jugendlecher sinn - do hätt d'Regierung kee Problem, fir dat z'amenagéieren.

Am alternative Projet wier och net Rieds vun enger zouener Struktur, sou de François Bausch. De Staat géif hei alles genee esou maachen, wéi d'Gemeng et gären hätt.

Zousätzlech zu der Struktur fir 100 Leit bréngt de Buergermeeschter vu Stengefort eng weider Propos an d'Spill. An den Dierfer vun der Gemeng géif et nach anere Wunnraum ginn, deen een erschléisse kéint.

Dat kéint ee méi séier maachen, wéi elo den allgemenge Bebauungsplang z'änneren. Do géif d'Gemeng nach op eng Äntwert vum Minister waarden.

"Regierung brauch Hëllef vu Gemengen"

De François Bausch wiert sech géint de Virworf, de Stengeforter Gemengerot wëllen ënnert Drock ze setzen. Hei wier net d'Gemeng, mä d'Regierung ënner Drock.

D'Regierung hätt e Problem, fir déi vill Flüchtlingen ënnerzebréngen, sou de Minister. D'Regierung wéilt, zu deem Zweck, awer net, wéi am Ausland, ëffentlech Infrastrukture requisitionnéieren. "Mir wëllen dat propper maachen", seet de François Bausch. "Dofir brauche mir awer Gemengen, déi bereet sinn, eis dobäi ze hëllefen".

Kommunikatiounsproblem?

De Stengeforter Buergermeeschter Jean-Marie Wirth seet: "Ech mengen, den Här Bausch an ech wëllen dat Selwecht. Mä hie versteet net wat ech wëll, an ech net, wat hie wëll".

Dofir wier et wichteg, fir sech mateneen un en Dësch ze setzen, sou de Stengeforter Buergermeeschter.