De Stéphane Pallage soll eisen Informatiounen no neie Recteur vun der Uni Lëtzebuerg ginn. Den Ekonomist schafft aktuell a Kanada op der Universitéit vum Québec zu Montreal. Zënter 2013 ass hien do den Doyen vun der "Ecole des Sciences de la Gestion".
Den 49 Joer ale Belsch huet seng professionell Carrière op der Uni Léck ugefaangen. Sengem CV no schwätzt hie Franséisch, Däitsch an Englesch.
Dräi Kandidate proposéiert
Am Mee war de Rainer Klump an der Suite vun administrativen a budgetären Turbulenzen als Recteur zréckgetrueden. D'Uni hätt mam Stéphane Pallage bannent kuerzer Zäit ee Successeur fonnt.
De Conseil de Gouvernance krut am September dräi Kandidate vun enger Uni-interner Kommissioun proposéiert, déi all d'Kandidaturen evaluéiert huet. Eisen Informatiounen no waren an der enker Auswiel just extern Kandidaten.
De Conseil de Gouvernance vun der Uni huet sech du fir de Stéphane Pallage entscheet. Zu dësem Choix gëtt de Conseil Universitaire, wou d'Enseignanten an d'Studente vertruede sinn, haut de Mëtteg ee consultativen Avis of. Iwwert d'Nominatioun entscheet schlussendlech de Regierungsrot.