Professionell Ursaachen hätte bei senger Decisioun definitiv keng matgespillt. Am Géigendeel, hie wier houfreg op dat, wat d'uni.lu haut duerstellt:
"Ce que je peux vous dire, c'est que je suis profondément fier de ce que l'université est aujourd'hui. Je trouve que c'est une université qui est plus humaine, plus stratégique, qui est plus proche de la société, plus solide au niveau administratif et financier."
D'Uni hätt eng "weltwäit Envergure" an hätt "tout dans son ADN pour se distinguer dans l'avenir."
Et ass e preparéiert fir eng véiert Well
Zanter e Méindeg sinn d'Coursen op der uni.lu am Prinzip nees présentiel. Dat wier e Retour zeréck an d'Normalitéit, no engem gudde Joer Hybrid-Unterrecht, deen d'Studente géife begréissen, sot de Stéphane Pallage.
D'Inscriptioune si wärend de Covid-Méint awer net zeréckgaangen: déi bësse manner grouss Zuel un neien auslännesche Studente wier duerch méi Lëtzebuerger kompenséiert ginn.
Sollten d'Infektiounszuele weider unzéien, kéint een op der Uni ganz agil reagéieren, esou de Recteur. Et hätt een d'Kris zanter dem Ufank relativ gutt geréiert: "Nous avons eu très peu de cas qui étaient reliés les uns aux autres."