Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stoltenberg: Ukrain krut 98 % vun de verspachene Gefierer

NATO

Stoltenberg: Ukrain krut 98 % vun de verspachene Gefierer

De Westen huet der Ukrain an de leschte Méint méi wéi 230 Panzeren an méi wéi 1.550 gepanzert Gefierer geliwwert, fir sech géint de russeschen Ugrëff ze wieren. Dat sot den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg haut zu Bréissel um Bords vun enger Entrevue mam Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.

auto_stories

2 min

Foto: Picture Alliance

Lauschterenplay_arrow


D'Ukrain hätt deemno 98 Prozent vun de Gefierer kritt, déi dem Land an der Lescht vun der internationaler Kontaktgrupp zougesot gouf, betount de Jens Stoltenberg. Am ganze stéingen elo néng Brigaden zur Verfügung, déi trainéiert an equipéiert goufen. Dat gëtt dem Land d'Méiglechkeet, Krichsgebidder zeréck ze accaparéieren.

Russland sollt een net ënnerschätzen. Wat de russeschen Truppen u Qualitéit feelt, probéieren se duerch Quantitéit wett ze maachen. Si géife gesinn, datt Russland viru fiert, méi Leit ze mobiliséieren, erkläert de Nato-Generalsekretär.

Stoltenberg seet Lëtzebuerg fir seng Contributioun Merci

Deen Lëtzebuerg fir seng Contributiounen am Ukraine-Fonds Merci gesot. Doduerch hätten dréngend noutwennegt medezinescht Material awer och mobil Satellittesystemer kënne kaaft ginn.

De Jens Stoltenberg huet begréisst, datt de Grand Duché säi Budget fir d'Defense eropgesat huet. Hie géif d'Leit encouragéieren sou virun ze fueren. Et wier essentiel fir d'Laascht tëscht Nordamerika an Europa fair opzedeelen.

Dem Premier Xavier Bettel no, hätt Lëtzebuerg dat wëlles ze maachen.

"On vient de 0,4 % et mon Gouvernement s'est engagé d'arriver à un pour cent du PIB, il est important de continuer l'effort dans l'esprit de solidarité de l'OTAN."

Fir am Ganze méi effikass ze sinn, misst een dofir suergen, datt déi westlech Industrie méi zesummeschafft an net jiddereen säin eegene Waffesystem huet, sou nach de Premier.