Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jamiroquai - Seven Days In Sunny June

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dan Kersch refuséiert Virschlag vu Bistum a Syfel

Méi grouss Trennung tëscht Kierch a Staat

Dan Kersch refuséiert Virschlag vu Bistum a Syfel

Den Inneminister ass am Sträit ëm d'Zukunft vun de Kierchefabricken net averstane mam Virschlag, deen de Bistum an de Syfel (Daachverband vun de Kierchefabricken) him de 7. Mäerz ënnerbreet hunn. De sozialistesche Minister seet am 100,7-Interview, hien hätt e Géigevirschlag gemaach. De Méindeg géif hie sech mam Generalvikar Leo Wagener gesinn. Bis dohin hätt hie gär eng Äntwert.

auto_stories

4 min

De Minister Dan Kersch (LSAP), Invité den 11. Mäerz 2017 an der Emissioun Riicht eraus

Den Inneminister refuséiert de rezente Virschlag vum Bistum a vum Syfel iwwer d'Zukunft vun de Kierchefabricken. Dee Virschlag wier net konform zur Konventioun, déi de Bistum an déi blo-rout-gréng Regierung am Januar 2015 ënnerschriwwen hunn. "De Virschlag vum 7. Mäerz ass an där Form net unzehuelen", esou den Dan Kersch.

Hien hätt e Géigevirschlag gemaach. De Bistum an den Daachverband vun de Kierchefabricke missten decidéieren, ob si mat deem Géigevirschlag liewe kënnen. "Wa Jo, tant mieux", esou den Dan Kersch.

Lokal Gestioun Jo, mä ënnert Opsiicht vum Bistum

De Patrimoine vun der kathoulescher Kierch misst wéi geplangt an e Fong transferéiert ginn. Hien hätt kee Problem domat, wann de Bistum wéilt lokal Ënnerorganisatioune schafen, déi d'Aufgabe vun den aktuelle Kierchefabricken iwwerhuelen. Mä déi lokal Strukture misste bannent dem Fong an ënnert der Responsabilitéit vum Bistum fonctionnéieren, esou de Minister.

De Patrimoine vun der Kierch gëtt zënter iwwer 200 Joer autonom vu Kierchefabricke geréiert. De Bistum an déi blo-rout-gréng Regierung hunn am Januar 2015 ofgemaach, déi 285 Strukturen ofzeschafen an duerch en nationale Fong z'ersetzen. De Syfel huet sech an de leschten zwee Joer vehement dogéint gewiert.

Hien hätt dem Syfel an dem Bistum eng Textpropose geschéckt, esou den Dan Kersch. Dora géif hien nach méi kloer definéieren, wéi e Spillraum de Bistum huet, fir de Kierchepatrimoine bannent dem zentrale Fong mat Hëllef vun dezentralen Ënnerorganisatiounen ze geréieren.

Politik soll geschwënn tranchéieren

De Méindeg, 13. Mäerz gesäit den Dan Kersch eegenen Aussoen no de Generalvikar Leo Wagener. Bis dohin erwaart hien eng Äntwert. Den Dag drop ass de Syfel fir seng Generalversammlung zesummen. An de Mëttwoch steet säin Ännerungsvirschlag fir de Gesetzprojet um Ordre du jour vum Regierungsrot, esou den Dan Kersch. Wann de Bistum an de Syfel sech net géifen eens ginn, géifen d'Regierung an dono d'Chamber tranchéieren.

"Ech hunn hinne gesot, datt mir ënner Zäitdrock stinn", esou de Minister Kersch, deen net domat averstanen ass, datt dat als Ultimatum duergestallt gëtt. De Gesetzprojet, deen ënnert anerem d'Schafe vum Kierchefong an d'Ofschafe vun de Kierchefabricke virgesäit, hätt eigentlech scho sollen a Kraaft getruede sinn. Ufank Februar hätt hie scho wëllen am Regierungsrot iwwer technesch Ännerungen u sengem Gesetzprojet decidéieren. Dofir wier et nëmmen normal, datt d'Regierung elo wéilt virukommen. Den Inneminister mengt allerdéngs, hie wier "um gudde Wee" fir déi nei Gestioun vum Kierchepatrimoine ze finaliséieren.

Iwwerrascht

Den Dan Kersch stellt sech generell hannert de Bistum. De Generalvikar, mat deem hien eng exzellent Relatioun hätt, hätt verstanen, datt d'Regierung d'Kierch net wéilt futti maachen. Mä de Bistum wier an enger schlechter Situatioun. E wier ënner Drock vu Leit, déi "probéieren, dat Kommerziellt an de Virdergrond ze stellen, an déi ganz wéineg Récksiicht huelen op déi intern Regele vun der Kierch", esou de Minister, deen domat mam Fanger op de Syfel weist.

Hien hätt an dësem Dossier geléiert, wéi wéineg d'Autoritéit vum Bistum haut nach an der Kathoulescher Kierch zielt: "Fir mech war et eng Iwwerraschung, wéi grouss déi Front war, mat wéi enge Mëttele gekämpft gouf, datt den Äerzbëschof zu Roum praktesch hannert sengem Réck denoncéiert ginn ass, datt eng Plainte géint den Äerzbëschof gemaach gouf". Dofir hofft den Dan Kersch eegenen Aussoen no, datt de Syfel an de Bistum sech elo eens ginn. Hie wéilt net, datt de Bistum an d'Kierchefabricke wéinst den aktuelle Verhandlunge grousse Sträit behalen. Op der anerer Säit kéint d'Politik och net onendlech Récksiicht dorop huelen.

Restaurant an der Kierch?

Den Inneminister geet dovun aus, datt ronn dräi Fënneftel vun de ronn 500 Kierchegebaier vun de Gemengen iwwerholl ginn, déi aner vum Bistum.

Mëttelfristeg géife wahrscheinlech nëmme wéineg Kierchen desacraliséiert ginn. A verschiddene Gemenge géifen et awer Iddie fir nei Affektatioune ginn: als Restaurant, Bibliothéik oder Morgue. "Do, wou dat ugeduecht ass, zeechent sech e Konsens of", esou den Dan Kersch.

Aner Themen a Riicht eraus:

  • Den Inneminister huet gemengt, en Aarbechtsgrupp iwwer d'Reform vun der Grondsteier géif nach an dëser Legislaturperiod konkret Pistë virleeën, iwwert déi déi nächst Regierung decidéiere kéint.
  • E Burka-Verbuet wier net dat Wichtegst an dësen Zäiten, mä d'Droe vun der Burka wier "dacks eng Provokatioun". Wa verschidden "intolerant Lëtzebuerger" misste Sacrificë maachen, fir Flüchtlingen opzehuelen, misst eng Regierung de Lëtzebuerger kënne garantéieren, "datt et zu Lëtzebuerg no eise Regele geet".
  • D'RMG-Reform vun der Familljeministesch Corinne Cahen (DP) hätt, wéi vun der Ministesch selwer zouginn, "eenzel Schéinheetsfeeler". Am Fall vun elengerzéienden Eltere géif ee sech wahrscheinlech eens ginn, datt si duerch d'Reform näischt verléieren.