Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträit em Pestiziden am Bordeaux-Wäin

Frankräich

Sträit em Pestiziden am Bordeaux-Wäin

A Frankräich gëtt iwwer d'Qualitéit vun de Bordeaux-Wäiner gestridden. Net iwwer hire Goût, mee iwwer de Gehalt vu Pestiziden. D'Ëmweltorganisatioun "Alertes aux toxiques" warnt viru Pestizidréckstänn a kritiséiert de regionale Wënzerverband. De Sträit ass viru Geriicht an éischter Instanz zu Gonschte vun de Wënzer ausgefall.

auto_stories

3 min

Wäiner mat Eco-Label sinn am Trend. Engersäits wëllen d'Konsumente wëssen, wat an hiert Glas kënnt, anerersäits wiisst och den Interêt um Ëmweltschutz. Viraussetzung ass natierlech, datt d'Konsumenten der Certificatioun kënne vertrauen.

D'ONG "Allertes aux Toxiques", huet ee Laboratoire mat enger Analys vu verschidde Bordeaux-Wäiner beoptraagt. Hei goufe bis zu aacht Gëftstoffer nogewisen. Och bei deene Wäiner mat der Certificatioun HVE, erkläert d'Grënnerin vun der ONG, Valérie Murat.

"Si je vous dis HVE, Haute valeur environnementale, on dirait qu'il n'y a plus rien haut dessus. On dirait que c'est mieux que le Bio. Mais c'est faux! Nos analystes ont révélé que toutes les bouteilles étaient chargées en pesticides de synthèse. Si les pesticides étaient affichés sur les étiquettes des vins, les consommateurs ne les achetaient pas."

Nach keng wëssenschaftlech Evidenz

Ob dës Pestizidréckstänn gesondheetlech Risike fir de Konsument hunn, ass wëssenschaftlech net bewisen. Datt se awer fir de Wënzer geféierlech kënne ginn - dat misst d'Ëmweltaktivistin Valérie Murat materliewen. Hire Papp, selwer e Wënzer, ass viru bal zéng Joer un engem Longekriibs gestuerwen. Dokteren hunn als Ursaach ee Schutzmëttel géint Pilzbefall genannt, dee bis 2001 am Wäibau benotzt ginn ass.

D'Valerie Murat well eng gréisser Sensibilitéit schafen. Och wann de Bordeaux international héich ugesinn ass. Déi meescht Wënzer zeien aus hirer Aarbecht kaum Profit.

"Il faut penser à l'avenir de ces familles! Les vins bordolais connait une crise sans précédent depuis plus que deux ans. Le prix du tonnau de Bordeaux en viticulture chimique est tombé en dessous de 800 Euros. C'est intolérable! On fait travailler les gens à perte et il y a énormément de familles qui mettent la clés sous la porte parce qu'elles ne peuvent plus continuer de travailler. Il y a des gens qui se suicident ici."

D'Ëmweltaktivistin sicht sech keng Frënn. D'Wäinindustrie beschäftegt hei iwwert 50.000 Leit, an dat ouni den Tourismus an d'Restauratioun matanzebezéien.

D'Valérie Murat ënnerläit viru Geriicht

D'Valérie Murat (Foto: Marine Clément-Colson)

De regionale Wënzerverband CIVB huet d'Valérie Murat am Oktober wéinst Diffamatioun verklot. Si géif an hirer Etüd dozou opruffen, op Wäiner mam HVE-Sigel ze verzichten. Enn Februar ass d'Urteel gefall: D'Publikatioune musse bis de Freide geläscht ginn an d'Valérie Murat muss dem Verband 125.000 Euro Entschiedegung bezuelen.

D'Pestizid-Géignerin geet an Appell. Sie fënnt, de Verband sollt seng Sue fir méi sënnvoll Saachen ausginn, wéi Geriichtsprozesser.

"Je pense que cet argent serait bienvenu, plutôt à utiliser pour aider les vignerons du bordelais qui sont empiégés dans le piège chimique. Parce qu'on ne se sort pas de la chimie comme ça en claquant les doigts. C'est très compliqué: il faut de la technique, il faut de l'accompagnement et il faut de l'argent."

Fir d'Valérie Murat steet fest: Sie wëll d'Amende vun 125.000 Euro net bezuelen.

De Wënzerverband huet op eis Interviewufroen net reagéiert. Och de Landwirtschaftsministère wollt sech op Nofro zu dem Fall net äusseren.