Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grenzsträit um Balkan zitt gréisser Kreesser

EU-Erweiderung

Grenzsträit um Balkan zitt gréisser Kreesser

Et ass ee Sträit tëscht zwee klengen EU-Länner, deen awer kéint eng gréisser Envergure kréien. Slowenien a Kroatien si sech net eens iwwert d'Grenz am Waasser tëscht béide Länner. De Sträit dauert zënter bal 20 Joer - an e kéint de Bäitrëtt vu weidere Balkanlänner blockéieren. Elo soll d'Europäesch Kommissioun als Mediateur tëscht béide Länner vermëttelen. Wéi dat genee soll geschéien, ass nach net gewosst.

auto_stories

3 min

De Sträit tëscht Slowenien a Kroatien kéint duerchaus eng Envergure hunn op d'Verhandlungen tëscht der EU an de West Balkanlänner. Dat sot dës Woch den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker.

"Dat heiten ass ee méi wichtege Sujet, wéi vill Leit dat a Slowenien an a Kroatien denken", sou de Jean-Claude Juncker.

Offiziell Kandidate fir an d'EU ze komme sinn Albanien, Montenegro, Serbien a Mazedonien, eng Demande agereecht hunn och de Kosovo a Bosnien Herzegowina.

EU-Kommissioun als Mediateur

De Konflikt tëscht Kroatien a Slowenien ass mëttlerweil ee Problem fir d'ganz EU, sou de Kommissiounspresident. "An deem Sënn hu mir proposéiert, dat d'Kommissioun als Mediateur tëscht béide Parteien optrëtt."

Genee dat hat Slowenien gefrot, méi nach de slowenesche President, deen ufanks der Woch op Visite beim Jean-Claude Juncker war, huet direkt een Appell un d'Kommissioun geriicht, méi eng aktiv Roll ze spillen.

Ëm wat geet et? Kroatien refuséiert, een Uerteel ëmzesetzen, dat ee Schiidsgeriicht am Summer zu Den Haag iwwert déi 670 Kilometer laang Grenz mat Slowenien gesprach huet. Béid Länner streiden iwwert hire Grenzverlaf zënter datt Jugoslawien an de 1990er Joren opgeléist gouf.

D'Geriicht vun den Haag huet ënner anerem d'Bucht vu Piran un der Adria net zur Halschent Kroatien, mä zu dräi Véierel Slowenien zougesprach. An dat gefält Kroatien net.

Kommissioun erkennt Uerteel un

Wéi d'Land awer 2013 EU Member ginn ass, war eng Bedingung vum Bäitrëtt, datt et en internationalen Arbitrage géing akzeptéieren. An dorop bezitt sech elo Slowenien, datt schonn zënter 2004 Member vun der EU ass. Gëtt den Accord net respektéiert, encouragéiert een nationalistesch Tendenzen um Westbalkan, sou de slowenesche President Borut Pahor zu Bréissel:

"Andeems Kroatien refuséiert, d'Decisioun vum Geriicht z'akzeptéieren, verstéisst et géint den Accord iwwert säin eegene Bäitrëtt an d'Europäesch Unioun", sou de slowenesche President. "Et ass keng Sträitfro, well et heiriwwer schonn eng Decisioun gëtt. Et geet elo drëms, internationaalt an europäescht Recht ze respektéieren."

Kroatien sengersäits seet, dat d'Schiidsgeriicht zu Den Haag net onofhängeg agéiert huet, well ee slowenesche Riichter involvéiert war, deen Informatiounen un d'Regierung weiderginn huet. D'Geriicht selwer behaapt, dee Riichter wier dono ausgeschloss ginn an de Virgang hätt seng Aarbecht net beaflosst.

D'Kommissioun als Mediateur wäert d'Uerteel vum Geriicht als Basis huelen, huet de Jean-Claude Juncker kloergestallt. Hie sot och, datt am Fong keen an der EU sech esou richteg fir dee Problem interesséiert.

Allerdéngs dierfte grad d'Balkanlänner, déi bei der EU ugeklappt hunn, de Sujet duerchaus mat héijem Interêt suivéieren.

An Zukunft Konflikter virdru léisen

Un hir Adress geet vum Kommissiounspresident aus ee klore Message: Eventuell Konflikter missten bilateral ënnerenee geléist ginn, ier e weidert Land Member vun der EU gëtt.

Woura genee d'Mediatioun vun der Kommissioun bestoe wäert, huet de Jean-Claude Juncker net preziséiert. Hie géif drop zielen, datt béid Länner eng frëndschaftlech Relatioun hunn, sou de Kommissiounspresident.

Den Ablack si slowenesch Police-Schëffer am gaangen ze probéieren, kroatesch Fëscher aus der Bucht vu Piran ze verdreiwen.

D'EU organiséiert den 18. Mee ee Westbalkan-Sommet zu Sofia. Spéitstens da wäert net nëmme Slowenien drop pochen, datt et ee seriöe Progrès an dësem laange Sträit gëtt.