Déi laang Zuchstrecke wiere besonnesch betraff, just e Véierel vun de regulären Zich sollen do fueren. D'Deutsche Bahn réit betraffene Passagéier, wa méiglech haut a muer net mam Zuch ze reesen.
Och d'Zuchverbindungen tëscht Lëtzebuerg an Däitschland si betraff. Ganz annuléiert sinn d'Zich tëscht Lëtzebuerg a Koblenz, an tëscht der Tréierer Haaptgare a Wittlich, sou d'CFL op hirem Internet Site.
Hannergrond vum Streik ass e Sträit iwwer d'Paien an eng Corona-Primm. D'Deutsche Bahn hat gëschter gesot, si wier bereet iwwer eng Corona-Primm ze diskutéieren. Der Gewerkschaft GDL goung dat net duer.